Clubowend zu Peppeng (Update)

Lëtzebuergesch Et ass momentan nach ëmmer net méiglech dass mir eise Club Owend zu Peppeng ofhalen. Ënnert där Form wéi mir dat gär hätten an och gewinnt waren ass dat rechtlech an organisatoresch nach net méiglech an anerersäits wëlle mir eis jo och net onnëtz engem Risiko aussetzen. Och wa mir mat vill Optimismus mol geplangt haten eventuell Mëttwoch den 2. September do erëm eng gewëssen. Normalitéit erëm ze gewannen, schéngt dat awer illusoresch.

Also, fir eis dann awer bis dohin trotzdeem weider op d’mannst ze héieren, fuere mir weider mat eisem virtuellen Club Owend um éischte Mëttwoch vum Mount, wou mir eis um Relais LX0LU ab 19.30 Auer treffen.

Do derbäi fuere mir awer och mat eisem “Drive-in” QSL-Service zu Esebour weider. Dëst wéi elo scho gewinnt, all leschte Freideg am Mount, ab 19:30 Auer. Mellt iech awer w.e.g. un an haalt iech un di aktuell Reegelen betreffend Mask an Ofstand.

Falls Ännerungen uleien, gitt dier dat iwwert dëse Wee gewuer oder ab September erëm an eiser QST-Emissioun.

Bis dohin, haalt iech gesond a monter.
 

Soirée Club à Peppange (Mise-à-jour)

Français Il ne nous est toujours pas possible de tenir notre soirée club à Peppange sous la forme sous laquelle nous le voudrions et que nous le sommes habitués. Ceci n'est d’une part pas possible sur le plan juridique et organisationnel, et d'autre part nous ne voulons pas prendre de risques inutiles. Même si, avec beaucoup d'optimisme, nous avions prévu pour mercredi 2 septembre de pouvoir retrouver une certaine normalité, cela semble illusoire.

Alors, pour au moins continuer à nous rencontrer jusque-là, nous continuerons notre soirée club virtuelle le premier mercredi du mois. Nous nous retrouverons alors sur notre Relais LX0LU à partir de 19h30.

D'autre part, nous continuons aussi avec notre service « QSL drive-in » à Eisenborn. Ceci, comme d'habitude, tous les derniers vendredis du mois, aussi à partir de 19h30. Veuillez nous informer de votre arrivée et respecter les règles actuelles concernant les masques et la distance.

S'il y a des changements, vous trouverez les informations sur ce site ou à partir de septembre dans notre émission QST.

Jusque-là, restez en bonne santé.

Relais LX0LU freq: 145.700 MHz
Shift:-600 kHz CTCSS-Tone: 123Hz