JOTA-JOTI 2018 Logo

Wéi all Joer ass och dëst Joer erëm en JOTA / JOTI-Weekend bei de Scouten. De Weltdaachverband vum Scoutissem, de WOSM, huet och schonn di éischt Informatiounen zu dem weltwäit gréissten alljärlechen Scoutsevent eraus ginn. Et wäert net sou einfach ginn wéi di Jore virdrun wéinst deenen aktuelle COVID-19 Restriktiounen un déi mir eis all hale mussen. Mir probéieren d’Guiden an d’Scouten awer net ze enttäuschen a bidden hinnen eis Hëllef un.

Dofir hei och erëm en Opruff un all eis OM’en fir eis mat Know-How an Hëllef ze ënnerstëtzen. Dat ass dëst Joer nach méi wichteg wéi soss di Joren virdrun well mir deene Jugendlechen awer e Gefill vu Sécherheet an Normalitéit vermëttele wëllen. D’Radio Amateurs du Luxembourg (RL) ass den  eenzege Lëtzebuerger vun der IARU unerkannte Radioamateurveräin a steet och dëst Joer dem Scouting in Luxembourg (FNEL an LGS) erëm bäi fir de JOTA. Mir hëllefen net nëmmen an gudden Zäiten mäi och an schwieregen Zäiten wéi och an Noutfäll. Mir vertrauen dem Scouting in Luxembourg ganz dass si de JOTA wéi déi honnerten aner Scoutsaktivitéiten déi während der COVID Zäit waren (mat Autorisatioun vun der Santé) am Respekt vun den sanitäre Reegelen duerchféieren. Mir setzen als Spezialisten vum Funk eis Kompetenz allzäit  gär an, fir der gréisster Jugendorganisatioun ze hëllefen.

Di ganz Aktivitéit ass wéi ëmmer eng Zesummenaarbecht tëschent dem RL, der LGS an der FNEL, d’Koordinatioun mécht de JOTA-Team vum SIL. Kuckt iech heifir am Internet d’Säit vum JOTA-Team un: www.jotajoti.lu. Hei fënnt een ëmmer di aktuellsten Informatiounen. Umeldungsschluss ass den 7. Oktober. De Weekend selwer ass wéi gewinnt, den drëtte Weekend am Oktober, dëst Joer also vum 16. op den 18. Oktober.