Corona-Update
D’Situatioun verbessert sech einfach net, aus där Ursaach hu mir decidéiert all direkt Kontakter op Äis ze leeën. Dëst betrëfft net nëmmen eis Monatsversammlung zu Peppeng mee elo och eise Club Owend zu Esebour. Also ass och keen QSL-Service méi op deene Plazen, dëst da virleefeg mol bis an de Januar. Wann elo awer Leit wëlles hunn Kaarten of ze ginn oder ewech ze huelen ass dat selbstverständlech méiglech, et muss een sech da just op Viichten bei d’Claudine deplacéieren nodeems een sech heifir ugemellt huet. Bedenkt awer och dass am Moment erëm ganz vill QSL-Büroen eben wéinst dem Covid zou sinn an dëst dann deementspriechend net allze vill Sënn mécht.
Anerersäits hu mir jo awer d’Méiglechkeet ganz vill Kontakt ënnereneen ze hunn, dir verstitt wéi ech dat mengen. Dofir probéiere mir dann och emol eisen nächsten, dann virtuellen, Clubowend iwwert D-STAR of ze halen. Rendez-vous heifir wier dann e Mëttwoch den 2. Dezember ëm 19:30 um XLX270 um Modul B. Bis dohin, bleift gesond a monter.
Mise à jour Corona
Comme la situation ne s'améliore pas, nous avons décidé d’éviter tous les contacts directs. Ceci concerne non seulement notre réunion mensuelle à Peppange mais dorénavant aussi notre soirée club à Esebour. Il n'y a donc plus de service QSL sur ces sites, provisoirement jusqu'en janvier. Bien sûr, il vous est toujours possible de déposer ou de récupérer vos cartes, il suffit de vous rendre chez Claudine à Vichten, mais seulement sur rendez-vous. Cependant, sachez que pour le moment, de nombreux bureaux QSL sont fermés à cause de Covid et ainsi cela n'a pas vraiment beaucoup de sens.
D'un autre côté, nous avons l'opportunité de pouvoir nous contacter à tout moment, vous voyez ce que je veux dire. C'est pourquoi nous essayons d'organiser notre prochaine soirée club virtuelle sur D-STAR. Rendez-vous pour cela le mercredi 2 décembre à 19h30 au XLX270 sur le module B. Jusque-là, restez en forme et en bonne santé.
Der RL Vorstand informiert:
Wegen der aktuellen Situation um den Corona Virus (COVID-19) und um jegliches Risiko zu vermeiden sind alle RL Veranstaltungen bis auf Weiteres abgesagt.
The Committee of the RL informs:
Given the current context around the Corona virus (COVID-19) and in order to avoid any risk, all RL meetings are cancelled until further notice.