Wéi wahrscheinlech deen Een oder Aneren schonn matkrut gouf den 14.02.2019 den éischten geo-stationären Satellit fir den Amateurfunk an Betrib geholl.

Weider Informatiounen kann een hei noliesen: Es’hail-2 / Qatar-OSCAR 100

Den Satellit stellt zwee Transponder zur Verfügung: En wideband Transponder fir ATV an en narrowband Transponder fir SSB an CW.

Dësen Satellit deckt en groussen Deel vun der Welt oof!

Coverage

Dat huet den RL derzou ugereegt selwer eng portabel QO-100 Statioun ze bauen.

D’ Statioun huet zwee Zwecker:

  1. Sie soll zu engem am emergency Fall kënnen agesat ginn wann déi lokal Communication géif ausfalen.
  2. Doriwwer eraus kann déi Statioun awer och fir Eventer vun eisen Memberen ausgeléint ginn wéi z.B. beim Jota/Joti oder ob engem Fieldday.

Den RL wäert och, soubal déi sanitär Situatioun et nees zouléisst, en Workschop mat live Demo ubidden. Sou kann dann all intresséierten OM den Member am RL ass, sech déi Saach mol ukucken an ausprobéieren.