Vum 14. bis den 16. Oktober ass den 65. JOTA.
Um Site www.jotajoti.lu stinn weider Informatiounen wéi een als Radioamateur kann matmaachen. Eng Lëscht mat den Scout Gruppen déi mat maachen ass och hei ze fannen.
Dësen internationalen Event mat enger Bedeelegung vun etwa 2 Millioune Scouten aus 170 Länner ass fir eis déi Geleeënheet fir Reklamm fir eisen Hobby ze maachen an nei OM’en ze begeeschteren. Dofir ass et wichteg, dass mir dee Weekend e bësse méi Toleranz zu allen Richtlinnen op all eise Bänner weisen, awer virun allem dass mir do present sinn a virféieren wéi flott an interessant eisen Hobby ass.
De JOTA ass dëst Joer vum Samschdeg, den 15. Oktober, 00:00 Auer bis Sonndes, den 16. Oktober, 24:00 Auer Lokalzäit. Eis traditionell QST Emissioun gett Samschdes um 16:00 Auer per Funk iwwert d'Relais'ë LX0HI an LX0LU iwwerdroën. De live-stream kann een opder Websäit www.jotajoti.lu kucken.
Zu Lëtzebuerg gëtt dëst Evénement vun der JOTA-Equipe koordinéiert, déi aus Vertrieder vun den zwou nationalen Associatiounen FNEL (Fédération nationale des éclaireurs luxembourgeois) an LGS (Lëtzebuerger Guiden a Scouten) souwéi dem RL (Radioamateurs du Luxembourg) besteet.
Dofir hei erëm eisen Opruff un Iech all, hëlleft eis dass di Jonk eise flotten an interessanten Hobby kenne léieren. Dat klappt natierlech nëmmen wa mir genuch motivéiert
Hëllef ubidde kënnen.
Mir brauchen net onbedéngt Material, domat kënne mir selwer aushëllefen, mir brauche Leit déi eis hei ënnerstëtzen. Och kuerz a punktuell Hëllef ass wëllkomm a Gold wäert. Mir kënne net weiderhi kloen, dass et net genuch jonk Radioamateure gëtt, an dann esou eng einfach a villverspriechend PR-Opportunitéit ongenotzt laanschtgoe loossen. All weider Informatioune mat weidere Linken fannt Dir op www.jotajoti.lu.
Hei ass och e Kontaktformular fir all Froen an Äntwerten, et kann een awer och direkt e Mail op maachen.