
Dëse Weekend ass et erëm esou wäit. Vum 15. bis den 17. Oktober ass de 64. JOTA. Nieft de 6 Lëtzebuerger JOTA Statiounen, eng genee Lëscht ass um Site www.jotajoti.lu ze fannen, ass och erëm de Welt Scout Bureau “Global Support Centre Europe” op Besuch hei zu Lëtzebuerg . Hiert Ruffzeechen ass LX9S . All déijéineg, déi d’Statioun LX9S wëllen besichen goen, mussen sech am Viraus iwwert d’Email lx9s [AT] rl [DOT] lu umellen . Et ass nämlech en CovidCheck Event.
Och bei deenen anere Statiounen gëllen d’Covidcheck Regelen.
Dësen internationalen Event mat enger Bedeelegung vun etwa 2 Millioune Scouten aus 170 Länner ass fir eis déi Geleeënheet fir Reklamm fir eisen Hobby ze maachen an nei OM’en ze begeeschteren. Dofir ass et wichteg, dass mir dee Weekend e bësse méi Toleranz zu allen Richtlinnen op all eise Bänner weisen, awer virun allem dass mir do present sinn a virféieren wéi flott an interessant eisen Hobby ass.