Corona Update 1/21

Lëtzebuergesch Corona-Update
D’Situatioun verbessert sech einfach net, aus där Ursaach hu mir decidéiert all direkt Kontakter op Äis ze leeën. Dëst betrëfft net nëmmen eis Monatsversammlung zu Peppeng mee elo och eise Club Owend zu Esebour. Also ass och keen QSL-Service méi op deene Plazen, dëst da virleefeg mol bis an de Januar. Wann elo awer Leit wëlles hunn Kaarten of ze ginn oder ewech ze huelen ass dat selbstverständlech méiglech, et muss een sech da just op Viichten bei d’Claudine LX1CX deplacéieren nodeems een sech heifir ugemellt huet. Bedenkt awer och dass am Moment erëm ganz vill QSL-Büroen eben wéinst dem Covid zou sinn an dëst dann deementspriechend net allze vill Sënn mécht.

Français Mise à jour Corona
Comme la situation ne s'améliore pas, nous avons décidé d’éviter tous les contacts directs. Ceci concerne non seulement notre réunion mensuelle à Peppange mais dorénavant aussi notre soirée club à Eisenborn. Il n'y a donc plus de service QSL sur ces sites, provisoirement jusqu'en janvier. Bien sûr, il vous est toujours possible de déposer ou de récupérer vos cartes, il suffit de vous rendre chez Claudine LX1CX à Vichten, mais seulement sur rendez-vous. Cependant, sachez que pour le moment, de nombreux bureaux QSL sont fermés à cause de Covid et ainsi cela n'a pas vraiment beaucoup de sens.

Deutsch Der RL Vorstand informiert:
Wegen der aktuellen Situation um den Corona Virus (COVID-19) und um jegliches Risiko zu vermeiden sind alle RL Veranstaltungen bis auf Weiteres abgesagt.

English The Committee of the RL informs:
Given the current context around the Corona virus (COVID-19) and in order to avoid any risk, all RL meetings are cancelled until further notice.

Virtuell Versammlung

Lëtzebuergesch Och wann et e neit Joer ass hale mir awer un eisen Traditioune fest. Dofir ass dann elo e Mëttwoch den 6. Januar och erëm e virtuelle Club Owend.

Mir treffen eis dann ab 19:30 Auer um LX0LU, an der Hoffnung iech all gesond a Monter erëm ze héieren.

Bis dann.

LX0LU Frequenz: 145.700 MHz
Shift: -600 kHz
CTCSS-Tone: 123Hz

 

Corona Update

Lëtzebuergesch Corona-Update

D’Situatioun verbessert sech einfach net, aus där Ursaach hu mir decidéiert all direkt Kontakter op Äis ze leeën. Dëst betrëfft net nëmmen eis Monatsversammlung zu Peppeng mee elo och eise Club Owend zu Esebour. Also ass och keen QSL-Service méi op deene Plazen, dëst da virleefeg mol bis an de Januar. Wann elo awer Leit wëlles hunn Kaarten of ze ginn oder ewech ze huelen ass dat selbstverständlech méiglech, et muss een sech da just op Viichten bei d’Claudine deplacéieren nodeems een sech heifir ugemellt huet. Bedenkt awer och dass am Moment erëm ganz vill QSL-Büroen eben wéinst dem Covid zou sinn an dëst dann deementspriechend net allze vill Sënn mécht.

Anerersäits hu mir jo awer d’Méiglechkeet ganz vill Kontakt ënnereneen ze hunn, dir verstitt wéi ech dat mengen. Dofir probéiere mir dann och emol eisen nächsten, dann virtuellen, Clubowend iwwert D-STAR of ze halen. Rendez-vous heifir wier dann e Mëttwoch den 2. Dezember ëm 19:30 um XLX270 um Modul B. Bis dohin, bleift gesond a monter.
 

Français Mise à jour Corona

Comme la situation ne s'améliore pas, nous avons décidé d’éviter tous les contacts directs. Ceci concerne non seulement notre réunion mensuelle à Peppange mais dorénavant aussi notre soirée club à Esebour. Il n'y a donc plus de service QSL sur ces sites, provisoirement jusqu'en janvier. Bien sûr, il vous est toujours possible de déposer ou de récupérer vos cartes, il suffit de vous rendre chez Claudine à Vichten, mais seulement sur rendez-vous. Cependant, sachez que pour le moment, de nombreux bureaux QSL sont fermés à cause de Covid et ainsi cela n'a pas vraiment beaucoup de sens.

D'un autre côté, nous avons l'opportunité de pouvoir nous contacter à tout moment, vous voyez ce que je veux dire. C'est pourquoi nous essayons d'organiser notre prochaine soirée club virtuelle sur D-STAR. Rendez-vous pour cela le mercredi 2 décembre à 19h30 au XLX270 sur le module B. Jusque-là, restez en forme et en bonne santé.
 

Deutsch Der RL Vorstand informiert:
Wegen der aktuellen Situation um den Corona Virus (COVID-19) und um jegliches Risiko zu vermeiden sind alle RL Veranstaltungen bis auf Weiteres abgesagt.

English The Committee of the RL informs:
Given the current context around the Corona virus (COVID-19) and in order to avoid any risk, all RL meetings are cancelled until further notice.

JOTA-JOTI 2020

JOTA-JOTI 2018 Logo (small)

Wéi all Joer ass och dëst Joer erëm en JOTA / JOTI-Weekend bei de Scouten. De Weltdaachverband vum Scoutissem, de WOSM, huet och schonn di éischt Informatiounen zu dem weltwäit gréissten alljärlechen Scoutsevent eraus ginn. Et wäert net sou einfach ginn wéi di Jore virdrun wéinst deenen aktuelle COVID-19 Restriktiounen un déi mir eis all hale mussen. Mir probéieren d’Guiden an d’Scouten awer net ze enttäuschen a bidden hinnen eis Hëllef un.

Dofir hei och erëm en Opruff un all eis OM’en fir eis mat Know-How an Hëllef ze ënnerstëtzen. Dat ass dëst Joer nach méi wichteg wéi soss di Joren virdrun well mir deene Jugendlechen awer e Gefill vu Sécherheet an Normalitéit vermëttele wëllen. D’Radio Amateurs du Luxembourg (RL) ass den  eenzege Lëtzebuerger vun der IARU unerkannte Radioamateurveräin a steet och dëst Joer dem Scouting in Luxembourg (FNEL an LGS) erëm bäi fir de JOTA. Mir hëllefen net nëmmen an gudden Zäiten mäi och an schwieregen Zäiten wéi och an Noutfäll. Mir vertrauen dem Scouting in Luxembourg ganz dass si de JOTA wéi déi honnerten aner Scoutsaktivitéiten déi während der COVID Zäit waren (mat Autorisatioun vun der Santé) am Respekt vun den sanitäre Reegelen duerchféieren. Mir setzen als Spezialisten vum Funk eis Kompetenz allzäit  gär an, fir der gréisster Jugendorganisatioun ze hëllefen.

Di ganz Aktivitéit ass wéi ëmmer eng Zesummenaarbecht tëschent dem RL, der LGS an der FNEL, d’Koordinatioun mécht de JOTA-Team vum SIL. Kuckt iech heifir am Internet d’Säit vum JOTA-Team un: www.jotajoti.lu. Hei fënnt een ëmmer di aktuellsten Informatiounen. Umeldungsschluss ass den 7. Oktober. De Weekend selwer ass wéi gewinnt, den drëtte Weekend am Oktober, dëst Joer also vum 16. op den 18. Oktober.

DATV via QO-100

DATV via QO-100

Erfahrungsbericht von LX1LW

Es war am 15.November 2018 dass der 5,3t schwere Satellit Es’hail-2 oder auch noch als QO-100 (Quatar-OSCAR 100) bekannt auf Orbit geschossen wurde. Er erreichte seine endgültige Position auf 26° Ost im Februar 2019. Von da an steht uns erstmalig in der Geschichte des Amateurfunk ein geostationärer Satellit zur Verfügung. Er hat neben Ku- und Ka-Band Transponder für Satellitenfernsehen auch S- und X-Band Transponder für den Amateurfunk an Bord. Der Footprint erstreckt sich von Brasilien über den Afrikanischen Kontinent bis nach Thailand hin.

International Alliance Volunteers

Lëtzebuergesch Vum 15. - 17. November hëllt den "Hamradio Emergency Communication Group Luxembourg" kuerz EmCom zu Bangkok um Séminaire of minds and activities an Thailand deel.

Vertrueden geet den Group duerch d' Mendaly Ries, Secrétairin vun der EmCom an den Michel Friederich, President vum RL.

Dësen Séminaire gëtt vum NBTC an der RAST ënnert dem Patronage vum Thailänneschen Kinék organiséiert.