ARDF 2019 - RL Fuussejuegd / RL Fox hunt

ARDF

Lëtzebuergesch Den nationalen ARDF Event vum RL den 1. September fënnt dëst Joer zu Grousbous statt. D'Fuussejuegd wäert wéi di lescht Joeren rëm am 80m Band sinn.

Start an Arrivé ass um Parking op der N12 bei Grousbous:
http://g-o.lu/3/thfP
GPS: 5° 57′ 19,6″ E, 49° 50′ 25,4″ N
Déi éischt Départen sinn um 10:00. Wann d'Participants-Zuelen ähnlech si wéi d'läscht Joer, wier et gutt wann déi läscht Départen spéitstens um 11:00 wieren (den Zäit-Limit vun der Fussejuegd ass 2 Stonnen). Leit déi net grad sou sportlech sinn, kennen och een Deel vum Parcours maachen an eng méi kleng Zuel vu Sendere sichen.

Intresséiert Leit déi am Viraus wëllen Informatioune kréien (e.g. falls et misst kuerzfristeg aus wieder-technesche Grënn ofgesot ginn) kenne sech lo scho beim ARDF Working Group umellen (ardf [AT] rl [DOT] lu), mir wäerten awer och hei op der Homepage Informatioune ginn. Natierlech kann och jiddereen Sonndes einfach op d'Plaz kommen a sech nach do aschreiwen fir mat ze maachen. Op der Plaz wäert och fir Leit déi sech nach net sou mat der Thematik auskennen eng kleng praktesch Introduktioun gemaach ginn, well d’Sendere jo souwisou op der Plaz sinn, fir dann “hors compétition” der een oder zwee ze sichen.

Maintenance Blaschette

Lëtzebuergesch Wéi schonn an där leschter QST-Emissioun ugekënnegt, organiséieren mir Schaffdeeg zu Blaschent um Site vun eisem Relais.

Hei geet et virun allem mol dorëms di provisoresch gelueten Antennekabelen propper ze verleeën, an da gëtt nach eng Hamlink Streck op gebaut.

Dat ass eppes wat dech vläicht vun der Technik hier interesséiere kënnt. Mee net nëmmen dat, och mol eng Kéier d’Méiglechkeet ze hunn fir de Site mat sengem imposanten Mast vu Noo ze kucken mécht dat ganzt interessant. Mee dat Bescht kënnt jo ëmmer zum Schluss, den RL sponsort hei Iessen a Gedrénks, sou dass heiraus och nach e flotten an gemittlechen Dag ënnert Gläichgesënnten usteet. Als eenzeg Konditioun, du muss dech wéi ëmmer ënnert events [AT] rl [DOT] lu umellen.

Di zwee Datumen wou’s du dier hei mierke solls sinn jeeweils Samschdes den 20. an den 27. Juli 2019. Soo eis och wéi en Daag s’du eis dann hëllefe kënns.
 

Ham Radio 2019

Lëtzebuergesch Och 2019 ass den RL nees mat engem flotte Stand mat e puer Neierungen op der HamRadio zu Friedrichshafen vertrueden.

D’Ausstellung um Bodensee ass vu Freides dem 21. bis Sonndes den 23. Juni.

Dir sidd all häerzlech Wëllkomm eis op de Stand A1-880 an der Hal A1 besichen ze kommen.

English Like the previous years, the RL is participating from 21st to 23rd June 2019 at the Hamradio fair in Friedrichshafen.

We would be glad to welcome you at our stand A1-880 in hall A1.

LX19CWC Cricket World Cup Radio Marathon

English LX19CWC is the special callsign for Luxembourg's participation in the 2019 Cricket World Cup Radio Marathon organised by the RSGB. The Marathon goes from 30 May to 14 July 2019.

All RL Members are invited to participate. Simply book the LX19CWC callsign by sending an email to Mich LX1KQ (lx1kq [AT] rl [DOT] lu) and send him your log in ADIF format (lx19cwc@mycall.adi) after the activation.

Lëtzebuergesch LX19CWC ass ee speziellt Ruffzeechen fir den Cricket World Cup Radio Marathon 2019 deen vun der RSGB organiséiert gëtt. De Marathon leeft vum 30. Mee bis den 14. Juli 2019.

All Member ass invitéiert fir matzemaachen. Einfach d’Ruffzeechen LX19CWC per email beim Mich LX1KQ (lx1kq [AT] rl [DOT] lu) ufroen an him duerno d’Logbuch am ADIF Format schécken (lx19cwc@mycall.adi).

Online Log

Nei Adress fir d'Monatsversammlungen

Opgepasst - Attention - Achtung -  Attention!

Lëtzebuergesch Vun elo un sinn d'Monatsversammlungen vum RL zu Peppeng am San Marino.

Français Le local où se tiennent les réunions mensuelles du RL est à Peppange au San Marino.

Deutsch Die Monatsversammlungen des RL finden ab jetzt in Peppingen im San Marino statt.

English From now on, the new address of the monthly meetings is in Peppange.

 

Nei Adress - nouvelle adresse - neue Adresse - new address

Pizzeria San Marino
11 Rue de la Montagne
L-3391 PEPPANGE