SaarLorLux-Treffen 2018 LX8SAR

Wéi schonn am Bulletin ugekënnegt ass d’SaarLorLux Treffen dëst Joer vu Freides dem 15. bis Sonndes dem 17. Juni zu Weicherdang am SNJ Jugendzentrum.
Dir sidd wëllkomm fir do ee flotte Weekend mat de Kollegen aus der Groussregioun ze verbréngen, oder si dohi besichen ze goen. Et wäert natierlech eng Statioun opgeriicht ginn, fir QSOen op deene verschiddene Bänner ze maachen.
Folgende Programm ass fir déi 3 Deeg zu Lëtzebuerg geplangt:

RL Grillfest 2018

RL Grillfest 2018

Lëtzebuergesch D'RL Grillfest vum 10. Mee 2018 wor nees ee vollen Erfolleg an d'Stëmmung war top wéi een op de Fotoen erkenne kann.

Français Le barbecue traditionnel du RL au Bridel était de nouveau couronné d'un grand succès et il régnait une ambiance formidable.

Deutsch Wie man auf den stimmungsvollen Fotos erkennen kann war das RL Grillfest 2018 wieder ein voller Erfolg.

CW Cours / Cours CW

Lëtzebuergesch Den RL ass vun e puer Leit drop ugeschwat ginn, op et net méiglech wier fir rëm ee gemeinsame Cours z'organiséieren fir Morse ze léieren. Nodeems dëst jo net méi obligatoresch fir den Examen war, ass d'Morse och net méi am Preparatiouns-Cours integréiert ginn. Dësen neie Cours sollt also och als Ziel hunn, dass d'Operateuren duerno kennen CW-QSOen op de Bänner maachen, et gëtt net op een Examen hi geschafft. De Comité vum RL ass amgaang d'Machbarkeet vu sou engem Cours z'analyséieren, a wollt heimat eng Ëmfro bei de Membere maachen, ween intresséiert wier u sou engem Cours deel ze huelen. Intresséiert Leit kenne sech kuerz per Mail un rl [AT] rl [DOT] lu mellen, se ginn dann onverbindlech op eng Interesse-Lescht geschriwwen. Réischt wa spéider d'Detailer all bekannt sinn, muss ee sech definitiv umellen.

Français Le RL a eu une demande de la part de quelques personnes qui seraient intéressées de pouvoir suivre un cours pour l'apprentissage de la Morse. Suite à l'abolition de la Morse comme prérequis pour l'examen de radioamateur, la partie y relative avait aussi été supprimée du programme du cours de préparation. Ce nouveau cours aurait comme but que les opérateurs en question seraient à même de faire des QSOs CW sur les bandes, et non pas de passer un examen. Le comité du RL est en train d'évaluer la faisabilité d'un tel cours, et voulait faire par ce biais une enquête auprès des membres. Les personnes intéressées de participer à un tel cours peuvent envoyer un message à rl [AT] rl [DOT] lu. Seulement plus tard lorsque tous les détails seraient clarifiés, une inscription définitive deviendra nécessaire.

 

Kee ClubOwend (Eesebuer) a keng QST am Dezember

Lëtzebuergesch Well de leschte Freiden am Mount Dezember op den 29. fält, an do tëschent de Feierdeeg vill Leit anerwäerteg Verpflichtungen hunn, wäert de ClubOwend vum Dezember ausfalen. Et ass also och den 29. Dezember kee QSL Service zu Eesebuer. Den nächste ClubOwend ass soumat am neie Joer, an zwar den 26. Januar 2018. De QSL Service wäert de 6. Dezember zu Peppeng present sinn, an am neie Joer och den 3. Januar.

D’QST Emissioun vun Enn Dezember wäert och ausfalen, well viraussiichtlech keng intressant Neiegkeeten um Programm stinn. Den nächste Rendez-Vous fir d’QST ass also héchstwahrscheinlech, wann et eppes ze ziele gëtt, de 26. Januar, respektiv den 28. Januar fir d’Rediffusioun.

Français Le dernier vendredi du mois de décembre, c-à-d le 29 décembre 2017 la soirée club à Eisenborn n'aura pas lieu, comme beaucoup de membres ont d'autres obligations entre ces jours fériés de fin décembre. Le service QSL sera donc assuré seulement le 6 décembre et le 3 janvier à Peppange. L'émission QST de fin décembre est aussi annulée, la prochaine édition est donc prévue pour le 26 janvier (rediffusion 28 janvier).

FM Relais LX0DMM

Den LX0DMM ass no enger Testphase vun 3 Méint als analogen 2m Relais zu Meechtem am Regelbetrib. D’Koordinaten sinn 49°39.25’ N 6°25.28’ E - Locator JN39FP07NA fir déi Leit déi sech d’Antenn vun No ukucke wëllen. En Vertikalstrahler vun Kathrein mat engem Gewënn vun +/-5 dbd ass mam Fousspunkt op 15 Meter esou montéiert ginn, dass d’Ofstralung Richtung Staat verstäerkt gëtt, an Däitschland esou weit wéi Méiglech ofgeschiermt bleift. Natierlech ass dem Empfang op der Däitscher Muselsäit awer och Top.

Et sinn schonns etlech positiv Echoen iwwer d’Kuvertüre beim RL agaang. De Relais deckt déi ganz Route du Vin vun Munneref bis op Waasserbëlleg an e groussen Deel laanscht Sauer bis op Iechternach of.

D’Hardware ass am Moment en Hytera Relais den nach aus dem Bëstand vum RL iwwerholl ginn ass. De Relais leeft op145.5875 Mhz mat engem minus Shift vun 600 khz an CTCSS vun 123 Hz T/SQL.

An enger nächster Phase sollen déi 3 Analog zougänglech Relaisen LX0LU, LX0DMM an LX0HI Digital iwwer Hamnet mateneen vernetzt ginn. Eng Optaaschtung mat 1750 Hz an CTCSS ass nach Ëmmer e wichtegen Punkt deen eis virschwieft. Éischt Versich sinn scho gemaach. Bis all Bedéngungen fir eng sécher Vernetzung an enger gudder Qualitéit ze garantéieren erfëllt sinn, wäerten nach etlech Gedanken ausgetosch ginn.

Nach emol betount, all Ureegung a konstruktiv Kritik, souwéi en aktiivt Matschaffen an deenen verschiddenen Working Gruppen ass wéi schonn Ëmmer wëllkomm.

ARDF 2017 - National Fuussejuegd / National fox hunt

Lëtzebuergesch Den nationalen ARDF Event den 20. August fënnt dest Joer zu Hesper um Holleschbierg statt. D'Fuussejuegd wäert am 80m Band sinn. Start an Arrivé ass um Parking beim alen Fussballs-Terrain: http://g o.lu/3/93P6 (Terrain Robert Thill, Eck rue du Stade 2000 an Montee Holleschbierg, GPS: 6°09'31.6''E 49°34'35.3''N).

Déi éischt Départen sinn um 10:00. Wann d'Participants-Zuelen ähnlech si wéi d'läscht Joer, wier et gutt wann déi läscht Départen spéitstens um 11:00 wieren (den Zäit-Limit vun der Fussejuegd ass 2 Stonnen).

Intresséiert Leit déi am Viraus wellen Informatioune kréien (e.g. falls et misst kuerzfristeg aus wieder-technesche Grënn ofgesot ginn) kenne sech lo scho beim ARDF Working Group umellen (ardf [AT] rl [DOT] lu). Natirlech kann och jiddereen Sonndes einfach op d'Plaz kommen a sech nach do aschreiwen fir mat ze maachen.

Denkt w.e.g. dru fir gutt Schung a passend Kleedung unzedoen a je no Wieder eppes fir ennerwee ze drenken mat ze brengen. Eng Kaart vum Site (Din A4 Gréisst) wäert de Participanten zur Verfügung gestallt ginn. Ee Support a Schreiw-Material soll jidderee selwer matbréngen. Déi Leit déi een Empfänger vum Club reservéiert hu solle w.e.g. ee Kopfhörer mat Mini-Jack Uschloss (kee mat 4 polegen Headset/Mikro-Uschloss) matbréngen.

Iessen an Drénken kann een geint een klengen Onkäschte-Beitrag no der Fuussejuegd och op der Plaatz kréien.

 

English The national ARDF event on August 20th will be held this year at Holleschbierg in Hesperange. The fox hunt will be on 80m. Start and Finish will be on the parking place near to the old football field: http://g-o.lu/3/93P6 (Terrain Robert Thill, corner rue du Stade 2000 and Montee Holleschbierg, GPS: 6°09'31.6''E 49°34'35.3''N).

The first departures are at 10:00. If the number of participants will be similar than last year, it would be good to start latest at 11:00 (the duration of the fox hunt is 2 hours max.).

People who are interested to get information beforehand (e.g. if the event must be canceled at short notice due to bad weather) can register now at the ARDF WG (ardf [AT] rl [DOT] lu). Of course everyone is welcome to come to the starting place on Sunday to participate and register there.

Please don't forget to wear adequate shoes and apparel, and depending on the weather to bring something to drink during the hunt. A map of the site (Din A4 size) will be provided to the participants. A support for the map and writing material should be brought by the participants.

Those having reserved a receiver from the association should please bring a headphone with mini jack connector (not one with 4 pins from a headset/microphone).

Food and drinks are available after the return for a small fee.