Ham Radio 2017

Lëtzebuergesch Wéi déi lescht Joeren ass den RL och dëst Joer rëm mat engem flotte Stand mat e puer Neierungen op der HamRadio zu Friedrichshafen vertrueden.

Den DVC Working Group stellt ebenfalls seng nei Entwéckelungen op der Platz vir.

D’Ausstellung um Bodensee ass vu Freides dem 14. bis Sonndes dem 16. Juli. Dir sidd all häerzlech Wëllkomm eis op de Stand A1-848 an der Hal A1 besichen ze kommen.

English Like the previous years, the RL is participating from the 14th to 16th July 2017 at the Hamradio fair in Friedrichshafen.

Feel free to visit us at our stand A1-848 in hall A1 where you can get an insight to the new developments from our digital voice group.

SaarLorLux-Treffen LX8SAR

Wéi schonn am Bulletin ugekënnegt ass d’SaarLorLux Treffen dëst Joer vu Freides dem 16. bis Sonndes dem 18. Juni zu Weicherdang am SNJ Jugendzentrum. Dir sidd wëllkomm fir do ee flotte Weekend mat de Kollegen aus der Groussregioun ze verbréngen, oder si dohi besichen ze goen. Et wäert natierlech eng Statioun opgeriicht ginn, fir QSOen op deene verschiddene Bänner ze maachen. Folgende Programm ass fir déi 3 Deeg zu Lëtzebuerg geplangt:

  • Freides, 16. Juni, Arrivée a Begréissung sou wéi Funkbetrib mam Sonderruffzeechen "LX8SAR".
  • Samschdes, 17. Juni, um 10 Auer Visite vun engem Musée zu Dikkrich.
  • Um 19 Auer Hamfest am Jugendzentrum vu Weicherdang.
  • Sonndes, 18. Juni ass ee gemeinsamt Mëttegiessen
  • Dono géint 15 Auer wäerten d’Leit sech dann op den Heemwee maachen.

Falls dir och am Jugendzentrum wëllt schlofen, kennt der iech beim Heinz DK4XC (dk4xc [AT] darc [DOT] de) mellen.

Lizenzen vum ILR

Lëtzebuergesch Den ILR hat jo ee gewëssene Retard annoncéiert fir déi erneiert Lizenzen ze verschécken fir déi ze ersetzen déi Enn 2016 ausgelaf sinn. Mëtt Mäerz misste lo awer all d’Lizenze bei de betraffenen LX-Amateuren ukomm sinn. Falls een nach keng Lizenz-Käertche geschéckt krut, soll e sech direkt beim ILR oder beim Comité vum RL mellen, fir ze kucken wat do schief gelaf ass.

AG 2017

Wéi all RL-Member schonn normalerweis mat der Invitatioun per Post matgedeelt krut, ass d’Assemblée generale vum RL Sonndes den 12. Mäerz um 16:00 zu Gonnereng. Wéi déi lescht Joeren ass dat ganzt och mat engem Iessen no der AG kombinéiert. Denkt och w.e.g. dru fir iech bis den 4. Mäerz fir d'Iessen unzemellen (secretary [AT] rl [DOT] lu oder per Telefon beim Vize-President).

De QSL Bureau wäert och op der Assemblée generale présent sinn, eis Membere kennen hier Kaarten also do ofhuelen respektiv ofginn.

YOTA Month - LX4YOTA 2016

Lëtzebuergesch Am Kader vum Youngsters On The Air Working Group vun der IARU Region 1 ass vum 1. bis den 31. Dezember 2016, genau wéi d’läscht Joer, rëm de YOTA Mount. An deem Mount sollen international, speziell Jugend-Statioune QRV ginn, fir d’Äiss e bëssen ze briechen, dass jonk Leit rëm méi de Mikro an de Grapp huelen. Lëtzebuerg wäert viraussiichtlech rëm mam Ruffzeechen LX4YOTA matmaachen.

Jonk Memberen si wëllkomm fir dat Ruffzeeche während engem oder e puer Deeg ze aktivéieren. Falls dir jonk Leit kennt déi nach keng Lizenz hunn an déi sech awer fir den Hobby intresséieren, ass dëst och d’Geleeënheet fir dass si et mol zesumme mat engem vun eise Youth-Koordinatoren eng Kéier kennen ausprobéieren. 

Falls der intresséiert sidd kennt der iech beim Youth-Working Group am beschte per Mail op youth [AT] rl [DOT] lu mellen.

Méi Informatioune fennt een op der offizieller YOTA Websäit.

English In order to promote amateur radio amongst young people, the Youngsters On The Air Working Group IARU Region 1 inititated the YOTA Month from December 1st to December 31st, 2016. Luxembourg will likely participate with the callsign LX4YOTA, which youngsters can activate during a few days.

If you are interested to participate, please don't hesitate to contact our Youth-Working Group per email via youth [AT] rl [DOT] lu.

You'll find more details on the official YOTA Site.

60 Meter Band

Lëtzebuergesch Zanter dem 10. Oktober 2016, ass et zu Lëtzebuerg och erlabt dat neit 60m Band am Service Amateur ze benotzen. De Frequenz-Plang vum 3. Oktober deen den 10. Oktober am Mémorial publizéiert ginn ass, erlabt et, fir et vun 5351.5 bis 5366.5 kHz à titre secondaire mat enger "Puissance apparente rayonée" vu 15W ze benotzen.

English Since October 10th, 2016, the new 60m band is allowed to be used in Luxembourg for amateur radio use. The frequency plan of 3rd October, published in the Mémorial on 10th October, allows the use from 5351.5 to 5366.5 kHz on a secondary basis with an "Effective radiated Power" of 15W.