Faszination Amateurfunk

Deutsch In der 32. Télécran Ausgabe vom August 2016 war ein flotter Artikel über Amateurfunker in Luxemburg zu lesen.

Jean Berg aus Eschdorf und Philippe Lutty aus Sandweiler sind zwei Männer, die unterschiedlicher nicht sein könnten. Jean ist älteren Jahrgangs und Bauer von Beruf, Philippe feierte kürzlich seinen 35. Geburtstag und arbeitet bei der Wasserverwaltung in Diekirch. Beide haben unterschiedliche Leben und doch verbindet sie ein gemeinsames Hobby: der Amateurfunk.
Télécran hat die beiden passionierten Funker getroffen.

LX8SAR: SAARLORLUX-Frëndschaftstreffen 2016

D’SaarLorLux Treffen vu Freides den 17. bis Sonndes den 19. Juni zu Weicherdang am SNJ-Jugendzentrum wor e groussen Erfolleg.

Et ass schonns e Freideg de Moien lass gaangen mat Antennen opriichten. Am fréie Mëtteg wor alles prett an d’Ruffzeechen LX8SAR ass op allen Kurzwellebänner an op UKW (6m - 70cm) zum Asaz komm. Nët manner wéi 5 Statiounen woren mateneen on Air a Phonie, CW a PSK. Samschdes moies wor e flotten Tour mam Solarboot um Stauséi organiséiert ginn, wou mer eisen auslänneschen Gäscht aus DL, F an PA eist flott Éislek konnten weisen.

Samschdes Mëttes konnte mer niewent villen aneren Visiteuren och den DARC-Distriksvorsitzender vum Saarland, den Eugen Düpre DK8VR begréissen. Samschdes owes wor e grousst Hamfest, wou de Schwenkgrill bal ze kleng wor fir di vill Gäscht ze bekestigen. Duerno huet den Heinz Nauerz DK4XC eis eng flott  Presentatioun gemaach iwwert d’Frëndschaftstreffen, déi säit 1969 vum OV Sulzbach-Fischbachtal Q08  mam RL organiséiert ginn.

Sonndesmoies wor LX8SAR nach bis an d’Mëttesstonn QRV, ir dunn eng Antenn no der anerer erëm ofmontéiert goufen an d’Leit sech erëm op den Heemwee gemaach hunn.

(Rapport: LX1JX)

Album LX1CU

ARDF - Amateur Radio Direction Finding - Event am Juli

Wéi schonn an enger vireschter QST Emissioun ugekënnegt ass den 3. Juli zanter laanger Zäit mol rëm een ARDF Event, also eng Fuussejuegt hei zu Lëtzebuerg. Dat ganzt wäert fir des éischt Kéier lo mol just op 80 Meter gemaach ginn. De Club huet eng limitéiert Zuel vun Empfänger déi kennen ausgeléint ginn, sot eis an deem Fall wann der dovu wëllt profitéieren awer am Viraus Bescheed, op ardf [AT] rl [DOT] lu.

D’Umellungen wäerten ab halwer 11 zu Eesebuer beim Shack gemaach ginn, de Start vun den éischte Participanten ass da fir 11 Auer virgesinn. Et ass souwuel ee Grill mat Grill- a Mettwurschten  wéi och Gedrénks op der Platz, sou dass ee sech dono direkt rëm ka stäerken. Aus organisatoresche Grënn ass et fir eis méi einfach wann dir eis am Viraus Bescheed sot wann der matmaache wëllt, et kann awer och nach jiddereen den Dag selwer einfach dohi kommen, ouni ugemellt ze sinn. Am Fall wou der iech per Mail bei eis ugemellt hutt, kenne mer iech och Bescheed soen, falls et aus Wieder-technesche Grënn misst ofgesot ginn.

Ham Radio 2016

Lëtzebuergesch Wéi déi lescht Joeren ass den RL och dëst Joer rëm mat engem flotte Stand mat e puer Neierungen op der HamRadio zu Friedrichshafen vertrueden.

Den DVC Working Group stellt ebenfalls seng nei Entwéckelungen op der Platz vir.

D’Ausstellung um Bodensee ass vu Freides dem 24. bis Sonndes dem 26. Juni. Dir sidd all häerzlech Wëllkomm eis op de Stand A1-750 an der Hal A1 besichen ze kommen.

English Like the previous years, the RL is participating from the 24th to 26th June 2016 at the Hamradio fair in Friedrichshafen.

Feel free to visit us at our stand A1-750 in hall A1 where you can get an insight to the new developments from our digital voice group.

Polo Sammelbestellung 2016

Lëtzebuergesch Wéinst der grousser Nofro mécht den RL nees eng Sammelbestellung fir Poloen. Dës Kéier stinn och Poloen mat laangen Ärem um Programm an dir kënnt d'Fuerw fräi wielen mat Ruffzeechen an Numm oder ouni.

Fir d'Bestellung einfach den Bestell-Formular ausfëllen an un polo [AT] rl [DOT] lu emailen oder op eis Postkëscht schécken an de Betrag op de Konto vum RL iwwerweisen. Et gëllen 2 Terminer fir d'Iwwerweisungen. Leit déi presséiert sinn an de Polo schonns fir Friedrichshafen wëllen hunn, mussen de Betrag bis den 29. Mee iwwerwisen hunn. Am anere Fall gelt den 20. Juni als leschten Termin.

Français Vu le grand succès rencontré l'année passée, le RL vous propose à nouveau de commander vos Polos RL manches courtes ou longes avec indicatif et/ou nom. Le tout dans la couleur et taille de votre choix.

Il suffit de remplir le formulaire ci-joint et de l'envoyer par email à polo [AT] rl [DOT] lu ou bien de l'imprimer et l'envoyer à notre boite postale. Ne sont considérés que les commandes dont le virement a été reçu sur le compte du RL le 29 mai 2016 (livraison juin pour Friedrichshafen) ou bien pour le 20 juin (livraison juillet).

English Given the great success encountered last year, you can order your own RL Polo Shirts again this year with long or short sleeves, tailormade with your callsign and/or name, and in the color and size of your choice.

Simply fill out the attached form and email it to polo [AT] rl [DOT] lu or print it out and send it to our P.O. box. We only account the orders for which we have received the due amount on our RL CCP account by May 29th 2016 (for June delivery for Friedrichshafen) or by the 20th of June at latest for July delivery.

Bestellformular - Bon de Commande  - Order Form 

 

SaarLorLux LX8SAR

D’SaarLorLux Treffen ass dëst Joer vu Freides dem 17. bis Sonndes dem 19. Juni zu Weicherdang am Jugendzentrum. Eis Membere si wëllkomm fir do ee flotte Weekend mat de Kollegen aus der Groussregioun ze verbréngen, oder si dohi besichen ze goen. Et wäert natierlech eng Statioun opgeriicht ginn, fir QSOen op deene verschiddene Bänner ze maachen. Falls dir och am Jugendzentrum wëllt schlofen, kennt der iech beim Heinz DK4XC (dk4xc [AT] darc [DOT] de) mellen.

Méi Informatioune fannt dir och op der Homepage vum OV Q08 www.darc.de/distrikte/q/08/ .