RL Grillfest 2016

RL Grillfest 2016

Lëtzebuergesch D'RL Grillfest vum 5. Mee 2016 wor nees ee vollen Erfolleg. Wéi een op de Fotoen erkennt wor nët nëmmen d'Wieder mee och d'Stëmmung exzellent. De positiven Feedback motivéiert fir dat Fest och erëm 2017 ze widderhuelen.

Français Comme on peut le constater sur les photos, le barbecue du RL a été un grand succès non seulement à cause du temps splendide mais surtout grâce à l'ambiance superbe qui régnait. 

Deutsch Wie man auf den Fotos erkennen kann war das RL Grillfest 2016 wieder ein voller Erfolg und zwar nicht nur wegen des wunderbaren Wetters, sondern vor allem wegen der tollen Stimmung unserer Mitglieder. 

Album LX1HD    -    Album LX1OM    -    Album LX1RFJ

LoTW

Wéi och am Bulletin geschriwwen kann ee fir ee Log of the World Account lo neierdéngs seng Identitéits-Daten bei engem DXCC Card Checker kontrolléiere loossen, an et muss ee soumat net méi eng Kopie dovun per Post an Amerika schécken.

Eisen Award-Manager LX2A ass hei zu Lëtzebuerg DXCC Card Checker, a bereet och d’Dokumenter-Kontroll fir sou Accounts ze maachen.

Dëse Service gëtt fir all Funkamateuren ugebueden, et muss een net Member vum Club sinn.

60 Meter Band zu Lëtzebuerg

Wéi op der Assemblée Générale 2016 erkläert, huet den RL eng Demande beim lëtzebuerger Régulateur (ILR) gemaach fir en “accès anticipé” op d’5 MHz Band ze kréien, sou wéi dat och an enger Partie anere Länner schonn de Fall ass. Laut WRC-15 soll dat nämlech réischt den 1. Januar 2017 weltwäit vun den nationalen Autoritéiten an déi national Reglementatioun agefouert ginn. Den ILR ass awer d’accord fir dat zu Lëtzebuerg schonn éischter ëmzesetzen. Elo mussen allerdéngs nach all déi administrativ Prozeduren vum ILR erleedegt ginn, a réischt wann déi offiziell Publicatioun gemaach ass, däerf d’60 Meter Band dann och zu Lëtzebuerg vum Service Radioamateur benotzt ginn. Dëst kéint viraussiichtlech am Juni de Fall sinn.

Et bleift drun ze erënneren dass mir den utilisateur secondaire vun dem Band sinn, de Primaire also net stéieren däerfen!

RL Assemblée générale 2016

D’Assemblée générale vum RL huet den 13. Mäerz 2016 zu Peppeng stattfonnt. Trotz dem gudde Wieder haten eng Partie Memberen de Wee dohinner fonnt, genau sou wéi den Éieremember DK4XC. Als Gäscht konnte mer och de President vun der UBA, ON7TK, a seng XYL ON7LX begréissen.

De komplette Rapport vun der AG wäert wéi üblech am nächste Bulletin publizéiert ginn.

Dëst Joer stounge jo och Comité-Walen um Programm. Den neie Comité, zesumme mam President LX1KQ, stellt sech lo aus folgende Leit zesummen: Jean-Claude LX1CU, Christian LX1FC, Luc LX1IQ, Dan LX1JU, Armand LX1MA, Romain LX1RW, Arsène LX1TB, Carlo LX1TI a Philippe LX2A. Déi genau Charge wäerten op der éischter Comité-Versammlung verdeelt ginn.

Youngsters On The Air - LX4YOTA 2015

Lëtzebuergesch Am Kader vum Youngsters On The Air Working Group vun der IARU Region 1 ass vum 1. bis den 31. Dezember, genau wéi d’läscht Joer, rëm de YOTA Mount. An deem Mount sollen international, speziell Jugend-Statioune QRV ginn, fir d’Äiss e bëssen ze briechen, dass jonk Leit rëm méi de Mikro an de Grapp huelen. Lëtzebuerg mecht mam Ruffzeechen LX4YOTA mat.

Jonk Memberen si wëllkomm fir dat Ruffzeeche während engem oder e puer Deeg ze aktivéieren. Falls dir jonk Leit kennt déi nach keng Lizenz hunn an déi sech awer fir den Hobby intresséieren, ass dëst och d’Geleeënheet fir dass si et mol zesumme mat engem vun eise Youth-Koordinatoren eng Kéier kennen ausprobéieren. 

Falls der intresséiert sidd kennt der iech beim Youth-Working Group am beschte per Mail op youth [AT] rl [DOT] lu mellen.

Et wäert och dëst Joer rëm een Diplom vun der IARU ausgeschafft ginn, d’Konditioune wäerten bis Ufank Dezember op der Homepage vun der YOTA publizéiert ginn.

English In order to promote amateur radio amongst young people, the Youngsters On The Air Working Group IARU Region 1 inititated the YOTA Month from December 1st to December 31st, 2015. Luxembourg will participate with the callsign LX4YOTA, which youngsters can activate during a few days.

SAARLORLUX Amateurfunktag - Happy Birthday Q08

Lëtzebuergesch De 15. November 2015 hunn eis Amateurfunkfrënn vum OV-Sulzbach-Fischbachtal Q08 een SAARLORLUX Amateurfunkdag matt Floumaart zu Quierschied organiséiert. Den RL wor mat engem Stand duerch de Jean-Claude LX1CU, d’ Claudine LX1CX, de Jeng LX1JM matt senger XYL Henriette, de Jacquot LX1JX mat senger XYL Andrée an dem Armand LX1MA vertrueden.

Owes bei der Gebuertsdagsfeier huet den RL dunn dem OV-Sulzbach-Fischbachtal fir seng 50 Joer Bestoen gratuléiert.

Happy Birthday!

Photo Album