Monatsversammlung September 2022

LU De San Marino zu Peppeng ass nach bis den 13. September am “Congé annuel”, dofir fält d’Monatssitzung vum September leider aus.
De QSL-Service geet awer Freides den 30. September zu Eesebuer wéi gewinnt weider, do ass de QSL-Büro da vertrueden fir d’Kaarten ofzeginn oder ewech ze huelen.
 
EN The Pizzeria San Marino in Peppeng is still on "annual leave" until September 13th, which is why the monthly session of September is unfortunately cancelled.
However, the QSL service will continue as usual on Friday 30 September in Eesebuer, the RL Bureau will be there to hand in or take away the cards.

RL Newsletter Juni 2022

Eis Newsletter kënnt leider e bësse spéit eraus, et ginn erëm Problemer mat der Post. Alleguerten déi eng [DOT] [DOT] [DOT] [AT] pt [DOT] lu Adress hunn wäerten d'Newsletter erëm net kréien. D'Post blockéiert se mat der Remarque:

          550 5.7.1 Body content violation: CRPDS (168b6fbe-f5ec-11ec-95c8-005056b68e92)

Den Helpdesk vun der Post konnt eis bis elo nach net weiderhëllefen. Di eenzeg Léisung, registréiert iech mat enger GMX, Gmail oder Yahoo Adress bei der Newsletter (Link).

Klickt w.e.g. hei fir d'Newsletter direkt ze liesen: RL NEWSLETTER JUNI 2022

HAM Radio 2022

Lëtzebuergesch No 2 Joer Paus ass jo erëm eng HAM RADIO um Bodensee, an zwar vum 24 op den 26 Juni 2022.

Den RL huet och e Stand do, zesummen mat de Kolleegen vun der ADRAD, der UBA an dem VERON.

De BENELUX Stand ass an der Hall 1 ze fannen. Eisen RL Stand huet d’Nummer A1-790.

All Member ass heimat invitéiert eis um Stand ze besichen oder och eng Hand mat unzepaken.

Wann dir um Stand wëllt mathëllefen oder Froen dozou hutt, kënnt Dir iech am Virfeld beim Philippe, LX2A, mellen. lx2a [AT] rl [DOT] lu.

English Like the previous years, the RL is participating from 24th to 26th June 2022 at the HAM Radio fair in Friedrichshafen.

We would be glad to welcome you at our stand A1-790 in hall A1.

In case you like to give us a hand on the stand please contact Philippe LX2A (lx2a [AT] rl [DOT] lu).

RL LXFT8 National DX competition 2022

Competition announcement

In addition to the activities of FT8DMC in 2022, the RADIOAMATEURS DU LUXEMBOURG RL offers to all LXs and all foreign RL clubmembers the opportunity to participate and win prices and certificates offered by the RL
The FT8DMC celebrates its 5th anniversary. FT8DMC was founded on July 12, 2017 by Jo ENGELBRECHT, OE6VIE and Hannes GRÜNSTEIDL, OE1SGU (OE3SGU). Link to FT8DMC.

AG 2022

 Eis alljärlech Generalversammlung ass den 13. Mäerz ab 15:00 Auer am Centre Gaston Stein zu Jonglënster, genee esou wéi dat lescht Joer.

Dat Ganzt leeft awer ënnert dem 3G Covid-Check-Regime, mee ouni Test op der Plaz. Also nëmmen mat Zertifikat, ouni deen kënnt een net eran.

Eng detailléiert Invitatioun hutt dir per Courrier kritt. 

 Notre assemblée générale annuelle aura lieu le 13 mars à 15h00 au Centre Gaston Stein à Junglinster, comme l'année passée.

Tout se déroulera sous le régime 3G Covid-Check, mais sans tests sur place. Donc uniquement avec un certificat, sans lequel on ne pourra pas entrer.

Une invitation détaillée vous est parvenue par courrier.

DownloadRL_Procuration_2022.pdf

LX1DK SK

Den RL Comité huet di traureg Flicht den Doud vun eisem laangjärege Member an Éierepresident Joseph Kirsch, LX1DK, matzedeelen. Hien ass den 3. Januar 2022 am alter vun 95 Joer verstuerwen.

Zënter der Grënnung vum RL am Joer 1937 war de “Jéis” eise fënnefte President, an zwar vun 1988 bis 2001.

Mir wäerten hien a gudder Erënnerung behalen an drécke senger Famille eist déifste Matgefill aus.

Den RL Comité