Themen vun der QST vum 26. an 28. Februar 2021:
- Generalverammlung
- Cotisatioun 2021
- FIS Alpine World SKI Championships CORTINA 2021
- 200 Years of Greek Independence Award
- FT8 Working Group News: Luxembourg Station Award
- World Amateur Radio Day
- AMSAT
- LX QSL Büro
- Peanut
- Hamradio 2021
CQ QST, CQ QST, hei ass als Spriecher vum RL’s Comité, de Frank, LX1MG, mat der QST-Emissioun vum Februar.
Dat Allerwichtegst fir d’éischt. Eis, fir den 14. Mäerz geplangten Generalversammlung verleeë mir, sou wéi dat vum Gesetz virgesinn an erlaabt ass, an de Juni. No verschidden Tester mat Virtuellen Méiglechkeeten fir eis ze gesinn, hu mir erausfonnt, dass Näischt de perséinleche Kontakt op enger Generalversammlung a virun allem dat gesellegt Zesummesëtzen beim Iessen duerno, ersetze kann. Mir sinn dann mol ganz optimistesch dass dat eis geléngt, selbstverständlech kritt dier mat Zäiten all di néideg Informatiounen heizou.
An dem Kontext wëlle mir awer och e klengen Opruff maachen fir är Cotisatioun fir dëst Joer ze begläichen. Den Tarif ass onverännert. Déi néideg Donnéeën heizou fannt dir entweder an engem vun eisen leschten Bulletin’en oder och nach op eiser Homepage www.rl.lu. Kuckt bei där Geleeënheet och no op mir är korrekt e-Mail Adress hunn, am Zweifelsfall schreift se mat op de Virement oder schéckt eis se am beschten op . Dëst ass nämlech den einfachsten a gënstegste Wee fir iech am schnellsten ze Informéieren.
Fir déi Leit wou e bëssen Diplomer oder speziell QSL-Kaarten maache wëllen, eis ganz aktiv italieenesch Frënn vum ARI Cadore an ARI Brunico hunn zu Geleeënheet vum “FIS Alpine World SKI Championships CORTINA 2021” bis den 28. Februar mat dem Ruffzeechen IQ3DD Aktivitéit an CW, SSB an och Digi op de Bänner 160, 80, 40, 20, 15, 10, 2m, 70cm an 23cm Sat lafen. Detailer heizou op hirem QRZ.com.
Eis griichesch Frënn feieren dëst Joer dat zweet Joerhonnert no der Griichescher Revolutioun vun 1821 fir un di 400 Joer Besetzung duerch d’Osmanesch Tierken ze gedenken. Och do si speziell Aktivitéite geplangt. 200 Years of Greek Independence Award.
Mee och hei zu Lëtzebuerg schlofen se net. Eisen FT8 Working Group, gefouert vum Carlo, LX1TI , dem Heng, LX1HD, an dem Jean-Marie, LX1JH, ass jo och Member beim FT8 Digital Mode Club (FT8-DMC) den am Juli 2017 gegrënnt gouf an haut weltwäit iwwer 13000 Memberen zielt. Zënter Februar 2021 gëtt et den „Luxemboug Station Award“ , mat dräi verschiddenen Diplomer, dem LSA 5, 10 a 15 . Fir den LSA 5 zum Beispill mussen 5 QSO‘en mat 5 verschidden LX Statiounen am Mode FT8 gemaach ginn. Niewebäi bemierkt, den LSA 5 gouf elo schonn eng 1000 mol ugefrot.
Dofir ass eis Equipe och dëst Joer vum 2. bis den 15. August mat dem Call LX8FTDM on the air, si sichen an dem Kontext awer nach puer FT8 Operateuren fir si an dësem Zäitraum ze ënnerstëtzen. Et soll awer kee Contest sinn, just eng relax Aktivitéit. Sollt dir eng Fro zum LSA Diplom oder allgemeng zu FT8 hunn, dann mellt iech beim FT8 Working Group ënner MyRL op www.rl.lu/ft8, oder stellt är Froen an eisem Forum www.rl.lu/forum/digital-modes, den FT8DMC Internetsite fënnt een ënnert www.ft8dmc.eu.
Et kann een sech och elo schonn den Datum vum 18. Abrëll vir mierken, hei ass dann den “Welt Radioamateur Dag”. Detailer heizou an der nächster QST-Emissioun.
Vun der AMSAT gi mir gewuer dass sie de 17. Januar e Cube-Sat mat der Oscar Nummer 109 op Orbit gesat hunn, leider ginn et bei där Missioun e puer Problemer. D’Telemetrie-Bake op 435,750 MHz konnt nach net empfaang ginn an de Lineartransponder ass deelweis nëmmen mat reduzéierter Leeschtung a betrieb.
A Propos, eise QSL-Büro leeft och nach ëmmer mat Restriktiounen, dat heescht et kann een sech nach ëmmer beim Claudine, LX1CX iwwert den Telefon 621 362 322 oder op d’e-Mail mellen fir seng Kaarten zu Viichten ofzeginn oder och se dohi sichen ze goen.
Eis Reklamm, wou mir op all eise Kanäl gemeet hunn fir mat der Peanut-App op engem Android-Handy oder op engem Windows-PC op D-Star QRV ze sinn, schéngt jo e gewëssenen Succès ze verzeechnen. Deementspriechend kann een emol d’Iwwerleeung maachen op mir eis QST-Emissioun net och heiriwwer iwwerdroe sollen. Do hätt da kee Problemer fir dat Ganzt ongestéiert mat ze empfänken.
Di 45. HamRadio mécht och Reklamm op hirer Internetsäit dass se am Prinzip vum 25. bis den 27. Juni zu Friedrichshafen stattfanne soll. Am Moment ass eng vun de Halen awer nach als Impfzentrum ageriicht, mee d’Organisatoren sinn optimistesch. Mir loossen eis iwwerraschen an halen iech um lafenden.
Jo, dat war et dann alt erëm eng Kéier, hält iech gesond a monter, a bis am Mäerz dann.
Hei war den Frank, LX1MG mat der QST-Emissioun vum Februar am Numm vum Comité vum RL.