Themen vun der QST vum 26. an 28. Mäerz 2021:
- Generalverammlung
- Cotisatioun 2021
- Bulletin 2021
- World Amateur Radio Day
- 100 Joer SRAL
- ZW61DF
- Contest Kalenner Abrëll
- RL goes QO-100
- LX QSL Büro
- Hamradio 2021
- Waasserabroch am Shack
CQ QST, CQ QST, hei ass als Spriecher vum RL’s Comité, de Frank, LX1MG, mat der QST-Emissioun vum Mäerz 2021.
Rappel: Eis, fir den 14. Mäerz geplangten Generalversammlung verleeë mir, sou wéi dat vum Gesetz virgesinn an erlaabt ass, an de Juni.
An dem Kontext wëlle mir awer och e klengen Opruff maachen fir är Cotisatioun fir dëst Joer ze begläichen. Den Tarif ass onverännert. Déi néideg Donnéeën heizou fannt dir op eiser Homepage www.rl.lu. Kuckt bei där Geleeënheet och no op mir är korrekt e-Mail Adress hunn, am Zweifelsfall schéckt eis se am beschten op . Dëst ass nämlech den einfachsten a gënstegste Wee fir iech am schnellsten ze Informéieren.
A Propos informéieren, eng gutt Nouvelle, eisen éischten Bulletin fir 2021 ass an der Maach. Hei fannt dir dann nieft deene gewinnten interessanten Artikelen och schonn de Bilan vum leschte Joer sou wéi och de Budget fir dëst Joer. Sou kënnt dir iech dat alt schonn virun der Generalversammlung ukucken.
Wéi schonn an der leschter QST-Emissioun ugedeit, den 18. Abrëll ass den “World Amateur Radio Day”. Mir maachen do och mat an zwar mat dem Spezialruffzeechen LX5WARD. Méi Detailer an d’Kontaktadress fir iech unzemellen fannt dir wéi gewinnt op eiser Homepage ënnert LX5WARD.
Eis Kolleegen aus Finnland (SRAL) feieren hiert 100 jähregd Bestoen. Si hunn och dofir e speziellen Diplom gemeet, di genee Detailer heizou kënnt dir am beschten an a Rou op eiser Homepage noliesen (Link). Do gesäit een wéi eng Kontakter ee maache muss, och d’Reegele vun de “Multipliers” ginn hei erkläert. Mat 1000 Punkten kritt een dann en Zertifikat vum Santa Claus héchstperséinlech ënnerschriwwen. Wann dat elo keen Usporn ass...
Vum 1. bis den 30. Abrëll hunn eis Brasilianesch Kolleegen och e Spezialruffzeeche lafen an zwar ZW61DF. Si zelebréieren dann d’Grënnung vun hirer Haaptstad, Brasilia. Hire QSL-Manager heifir ass den PT2GTI.
Hei dann nach e puer Datumer zesummegefaasst fir am Abrëll Contest ze maachen:
- 05.04. 15.00-17.00, KW - CW/SSB DARC-Ouschtercontest
- 07.04. 19.00-2029, KW-FT-4 RSGB FT-4 Contest
- 10.04. 12.00-17.00, KW-CW DIG-qso-Party
- 12.04. 19.00-20.29, CW- RSGB 80m Club Championship
- 24.-25.04. 13.00-12.59, KW, all Betriebsarten, Helvetia Contest
Op eiser Homepage gesitt dir och eng Foto vun eiser Club eegener mobiller QO-100 Statioun. En décke Merci un de Luc. LX1IQ, deen dat Ganzt fir eis zesummegebaut huet.
D’Resultater vum Examen beim ILR sinn och eraus, Verschiddener hunn et op Anhieb gepackt, Anerer hunn en Noexamen. Deenen drécke mir ganz fest d’Daimercher dat daat och bei hinne klappt. An dann hoffe mir di nei gebake Funkamateuren op eiser AG kennen ze léieren.
Bei eisem QSL-Büro ass och alles beim alen, dat heescht et kann een sech beim Claudine, LX1CX iwwert den Telefon 621 362 322 oder op d’e-Mail mellen fir seng Kaarten zu Viichten ofzeginn oder och se dohi sichen ze goen.
Di 45. HamRadio steet mol nach ëmmer mat dem 25. bis den 27. Juni am Kalenner. Souwäit et méiglech ass wäerte mir och do mat engem klenge Stand vertruede sinn. (Update: D'HamRadio 2021 ass wéinst dem COVID ofgesot. Déi nächst ass vum 24-26 Juni 2022)
Di schlecht Nouvellen hale mir eis jo ëmmer fir de Schluss, mir haten erëm e Waasser Abroch an eisem Schack zu Eesebour. Verschidde Geräter stoungen ënner Waasser, si sinn awer schnellstens gedréchent an a Sécherheet bruet ginn. Leider ass de Sall elo erëm op onbestëmmten Zäit net ze gebrauchen. Mir hunn awer mol schonn an e Lufttrockner investéiert an deen dann och do installéiert. Soubal dann erëm normale Betrieb hei méiglech ass soe mir iech selbstverständlech Bescheed.
Jo, dat war et dann alt erëm eng Kéier, hält iech gesond a monter, a bis am Abrëll dann.
Hei war den Frank, LX1MG mat der QST-Emissioun vum Mäerz am Numm vum Comité vum RL.