Themen vun der QST vum 30. Abrëll an 2. Mee 2021:

 - Generalverammlung
 - Bulletin 2021/1 an Newsletter 
 - LX QSL Büro
 - Hamradio 2021
 - YOTA
 - World Amateur Radio Day
 - OTHR
 - Solaraktivitéit
 - Shack zu Eesebuer

CQ QST, CQ QST, hei ass als Spriecher vum RL’s Comité, de Frank, LX1MG, mat der QST-Emissioun vum Abrëll 2021.

Hoffentlech hat keen iech an den Abrëll geschéckt, mee ech mengen déi Traditioun geet lues a lues verluer. Hei dann awer elo nëmmen Tatsaachen:

Et ass elo definitiv: eis Generalversammlung hale mir, sou wéi dat vum Gesetz virgesinn an erlaabt ass, de 6. Juni an zwar zu Jonglënster am “Hall Polyvalent Gaston Stein” of. Dat Ganzt mat deenen néidegen Restriktiounen, dat heescht de Sécherheetsofstand ass garantéiert, mee leider musse mir dann awer dëst Joer op dat gemittlecht Iessen duerno verzichten. Mee esou komme mir dann och mol mat Zäiten erëm heem.

Ech ginn dervun aus, dir hutt schonn an eisem neie Bulletin gebliedert. Dës Kéier gëtt et jo wierklech vill ze liesen, do misst bal fir jiddereen eppes derbäi sinn. Wéi schonn ugekënnegt fannt dir dann nieft deene gewinnten interessanten Artikelen och schonn de Bilan vum leschte Joer sou wéi och de Budget fir dëst Joer. Sou kënnt dir iech dat alt schonn virun der Generalversammlung ukucken an iech di entspriechend Gedanke maachen. Kuckt iech awer och déi Säit mam Virement fir äre Membersbäitrag un an kuckt ob mir eng aktuell E-Mail Adresse vun iech hunn. Mir wëlle jo d’QST-Emissioun duerch eng Newsletter ergänzen, sou kritt dann och jiddereen all Neiegkeete mat. A wien säi Bulletin elo net kritt huet soll sech bei dem Kommitee mellen, mir kucken dat da no.

Bei eisem QSL-Büro ass nach alles beim alen, dat heescht et kann een sech beim Claudine, LX1CX iwwert den Telefon 621 362 322 oder op d’e- Mail mellen fir seng Kaarten zu Viichten ofzeginn oder och se dohi sichen ze goen.

Wat di 45. HamRadio ugeet, dat ass jo elo definitiv, si ass wéinst dem Corona ofgeblose ginn. Da waarde mir alt op déi vum nächste Joer.

Dat selwecht fir den “Youngsters on the Air Camp” deen a Kroatien fir Ënn Juni geplangt war. Och deen ass elo mol op 2022 verluet ginn. Do dergéint hunn si awer den 22. Mee, den 17. Juli an den 30. Dezember e Kontest ageplangt. Detailer heizou fënnt ee wéi gewinnt am Internet an zwar op der Säit ham-yota.com/contest.

De Slowenesche Radioamateur-Veräin huet och matgedeelt dass den “World Youth ARDF Championship” elo och ofgeblosen ass.

Den Don Beattie, G3BJ, President vun der IARU Regioun 1, deelt eis mat dass hire Keesjee, den Andy, HB9JOE, seng Keess ofgeschloss huet an d’Keeserevisoren him de Fräisproch ginn hunn. Dat ass jo da schonn mol Tip-Top.

Den 18. Abrëll war jo den “World Amateur Radio Day”. Och mir hunn dorun mam LX5WARD deel geholl an iwwert 6000 QSO’en an de verschiddenen Moden CW, SSB, RTTY, FT8 an esou guer iwwert de QO-100 gemeet. Op YouTube huet d’”International Telekommunikatiounsunioun”, “ITU”, e flotte Video vun 2 Minutte verëffentlecht fir den WARD ze éieren. D’Thema vun dësem Joer war jo: “Doheem, awer ni eleng”.

Och wann een de “Woody Woodpecker” vun Tschernobyl aus der Zäit vum kale Krich an der Tëschenzäit scho bal vermësst, maachen di allgéigewäerteg Iwerhorizont-Radaren, “OTHR”, praktesch 60 % vun alle Störungen aus. Héchstwarscheinlech sinn et zwar nëmmen e puer Statiounen, déi awer iwwert andauernd wiesselnt Frequenze senden. Et sinn sougenannten “Burst-Systemer”, déi just e puer Sekonnen aktiv sinn an dann d’Frequenz wiesselen. Soss waren déi mol ëmmer ganz no bei der “MUF”, “maximal usable Frequency” aktiv, do wäert sech bis elo och nach net vill geännert hunn. Plogeeschter sinn et op jiddefalls.

Den ARRL mellt dat zënter dem 19. Abrëll d’Solaraktivitéit zou geholl huet. Esou kënnen nuets d’ 20 an 30 Meter Bedingungen an daagsiwwer déi vun 17 a 15 Meter e Krack besser sinn, dëst héchstwarscheinlech bis Enn Abrëll. Also nach schnell profitéieren.

An eisem Shack zu Eesebuer gëtt et och nach näischt Neies. Mir haten jo e Waasser Abroch do. Leider ass de Sall nach net ze gebrauchen. Mir hate jo an e Lufttrockner investéiert an deen dann och do installéiert. Dat huet seng Friichte gedroen, et ass alles erëm schéin dréchen. Elo muss just nach frësch ugestrach ginn an da kënne mir erëm era plënneren. Soubal dann erëm normale Betrib hei méiglech ass soe mir iech selbstverständlech Bescheed.

Jo, dat war et dann alt erëm eng Kéier, hält iech gesond a monter, a bis am Mee dann.

Hei war den Frank, LX1MG mat der QST-Emissioun vum Abrëll am Numm vum Comité vum RL.