Themen vun der QST vum 28. an 30. Mee 2021:
- Generalverammlung
- Virtuell Monatsversammlung
- Russian District Award
- IARU HF World Championship
- "Bréng Däin Déngen"
CQ QST, CQ QST, hei ass als Spriecher vum RL’s Comité, de Frank, LX1MG, mat der QST-Emissioun vum Mee 2021.
Jiddereen misst elo jo schonn d’Invitatioun an d’Boîte kritt hunn: eis Generalversammlung hale mir, wéi jo och schonn ugekënnegt, de 6. Juni an zwar zu Jonglënster am “Hall Polyvalent Gaston Stein” of. Daat Ganzt mat deenen néidegen Restriktiounen, dat heescht de Sécherheetsofstand ass garantéiert, mee leider musse mir dann awer, wéi och scho bemierkt, dëst Joer op dat gemittlecht Iessen duerno verzichten. Mir stellen awer jidderengem eng kleng Flesch mat Waasser zur Verfügung.
Am Moment sinn och nach keng Monatsversammlunge geplangt, sou wéi et am Moment mat den Impfungen viru geet kann et awer keng Éiwegkeet méi daueren bis mir eis erëm all zesummen bei eng Pizza setze kënnen. Déi virtuell Monatsversammlung ëm 19:30 Auer um LX0LU kann een awer mol nach bäi behalen. An der Läscht war dat e bëssen ofgeflaut, mee et kann een jo erëm e Versuch fir e Mëttwoch den 2te Juni starten. Avis aux Amateurs, mee virun allem aux Radioamateurs.
Eis russesch Kolleegen hunn eis och nach eng Kéier ugeschriwwen fir eis un hiren “Russian District Award” ze erënneren. Dëst gëtt et schonn zënter 20 Joer an et geet hei drëms fir eng Bestätegung zu engem QSO mat allen russeschen Distrikter ze kréien. Diplomer gëtt et scho fir 100, 250, 500, 1000 an esou guer 2000 Distrikter. An da bleift nach Sputt no uewen, et ginn am Ganzen nämlech 2642 Distrikter. Detailer kuckt een am beschten op der Internetsadresse mydx.eu.
Denkt och un den IARU HF World Championship, de jo den 10. Juli um Programm steet. Single an Multi-Operators-Statiounen kënne jo hei matmaachen. D’Zil vun dësem Championship ass, fir dass d’Amateuren sech an deenen verschiddenen techneschen Domänen verbessere kënnen an awer virun allem och d’Kommunikatioun mat den Haptstatiounen vun de Membersveräiner bei der IARU. Betrib gëtt op de Bänner 160, 80, 40, 20, 15 an 10 Meter gemaach.
De LETZEBUERG CITY MUSEUM vun der Staat Lëtzebuerg organiséiert eng Ausstellung zum Thema “Bréng däin Déngen!”. Hei kann all Stater Veräin e Stand opriichten wou en dann seng Aktivitéiten virstelle kann. An deem Kontext maache mir hei en Opruff fir eis ze hëllefen hei e flotte Stand ze organiséieren. Vu dat et eis jo schonn zënter 1937 gëtt wollte mir virun allem op historescht Material zeréck gräifen. Mir sichen deem entspriechend historesch Geräter, QSL-Kaarten, Affichen an sou weider. Selbstverständlech kritt jiddereen säin Exponat no der Ausstellung zeréck.
Falls een elo flott an interessant Saachen huet fir hei mat ze maachen, soll een e Mail mat enger Foto an enger klenger Beschreiwung un de Romain, LX1RW, op d’e-Mail-Adresse schécken. Merci am Viraus.
Jo, dat war et dann alt erëm eng Kéier, hält iech gesond a monter, a bis op eiser Generalversammlung oder spéitstens am Juni dann erëm.
Hei war den Frank, LX1MG mat der QST-Emissioun vum Mount Mee am Numm vum Comité vum RL.