Themen vun der QST vum 25. an 27. Juni 2021:

 - Generalverammlung
 - Virtuell Hamradio
 - LX0LU an LX0HI digital verlinkt
 - QSL Kaarten fir Memberen
 - Monatsversammlungen
 - YOTA-Contest
 - Ufängerlizenz
 - IARU HF World Championship
 - Bréng däin Déngen!

CQ QST, CQ QST, hei ass d’QST-Emissioun vum Mount Juni vum Comité vum RL.

Eis Generalversammlung de 6. Juni zu Jonglënster am “Hall Polyvalent Gaston Stein” war jo gutt besicht mat iwwert 50 Memberen déi do present waren. Merci un si all, mir hoffen dass eis nächst Generalversammlung erëm mat deem gewinnten Oflaf stattfanne kann, virun allem dat gesellegt Zesummesinn duerno huet jidderengem gefeelt.

An dann leeft dëse Weekend jo och di virtuell Hamradio. Mir sinn zwar do net vertrueden, et lount sech awer e Bléck dorop ze geheien. Hei kann een och d’Vertrieder vun der IARU Regioun 1 untreffen, am Hall A1 sinn d’Vertrieder vum Jugend Aarbechtsgrupp vertrueden. Samsdes de 26. ass och den internationalen Jugend-Meeting, dëst vun 9:00 Auer UTC un am Raum Liechtenstein. Am beschten kënnt een iwwert d’Internetadress www.ham.darc.de dohin. Déi aktuellsten News fënnt een ënnert www.darc.de/nachrichten/veranstaltungen/#c9487.
Den Entrée ass selbstverständlech gratis 😉

Verschiddenen wäert et schonn opgefall sinn, den LX0LU an den LX0HI sinn elo digital mateneen verlinkt. Dëst bedeit, dass ee QSO deen op engem Relais gemaach gëtt, och op deen anere Relais iwwerdroe gëtt, an et och méiglech ass, QSOen tëschent de Relaisen ze maachen. Fir all Benotzer aus Lëtzebuerg oder och Visiteuren ass wuel intressant, dass d‘Relaisen kënne wéi bis elo weider benotzt ginn, nämlech einfach de Relais mat CTCSS oder 1750 Hz opdrécken, a lass schwätzen. Soulaang keen technesche Problem besteet, sinn all d‘Relaisen permanent gelinkt. Et ass net méiglech dass e Benotzer iergendeppes verstellen kann. Sou ass et och net noutwenneg dass een sech iergendwellech komplizéiert Manipulatioune verhale muss fir se ze verlinken falls dat noutwenneg wier fir de gewënschten QSO ze maachen oder den aktuelle Status erauszefannen. Souwuel den LX0HI wéi och den LX0LU senden d’QST Emissioun elo och automatiséiert de leschte Freiden vum Mount an dee Sonnden dono. Et kann een nach erwänen, dass den aktuelle System op eng modifizéierter Versioun vun der SvxLink Software baséiert, déi sech an de leschte Joren jo scho beim LX0HI bewäert huet. Wann déi nei Funktionalitéite och beim LX0LU confirméiert sinn, wäert de Voice Aarbechtsgrupp dann och nach den drëtte Relais, dee si betreien, Hardware-méisseg ëmbauen fir dësen an d‘Verlinkung mat eranzehuelen.

Op der Generalversammlung hu mir och QSL-Kaarten fir eis net esou aktiv Memberen virgestallt. Mir proposéieren 250 Kaarten mat 240 Etiquetten zum Präis vun 5 Euro. Bestelle kann een sech se nach iwwert .

Eis nächst Monatsversammlungen sinn mol fir no der grousser Vakanz geplangt, ab September also. Déi virtuell Monatsversammlung ëm 19:30 Auer um LX0LU wëlle mir awer nach bäi behalen. Mir treffen eis also e Mëttwoch den 7te Juli nees eng Kéier.

Sonndes den 18. Juli ass den YOTA-Contest, an net wéi schonn ugekënnegt de Samsdeg virdrun. D’Auerzäiten bleiwen awer, also vun 10:00 Auer bis 21:59 Auer UTC. 8 verschidde Kategorien si virgesinn fir di Jugendlech, mee matmaache ka jiddereen. Hei geet et dorëms d’Jugendaktivitéit ze fërderen, d’Renommée vum YOTA-Programm ze stäerken an och ze weisen dass mir di Jonk ënnerstëtzen.

An dem Kontext kann een nach bemierken dass de 17. Juni e wichtegen Dag betreffend Jugend an Amateurradio an Holland war. Fir méi jonk aktiv Radio-Ham’en ze gewannen, ass et e Must datt dës Altersgrupp tatsächlech d'Méiglechkeet huet eng Amateurradio-Lizenz ze kréien. Bis de 17. Juni war de Mindestalter fir eng Ufängerlizenz 12 Joer, a fir eng voll Lizenz 14 Joer. Et gouf publizéiert datt de Mindestalter fir béid Lizenzen ofgeschaaft gëtt. Dëst alles huet virun e puer Joer ugefaang duerch d’lokal VERON Sektioun vu Breda, déi 2018 eng Propose fir déi alljärlech Generalversammlung vum VERON gemaach huet. Do gouf d'Propositioun vun de lokalen Departementer och ugeholl. De VERON ass mat dëser Propose weidergaang an huet erfollegräich mam nationale Regulateur (Agentschap Telecom) zesummegeschafft, wat zu dëser grousser Ännerung geféiert huet. Dëst Beispill weist och datt et tatsächlech méiglech ass Ännerungen ze maachen, Fräiwëlleger si wichteg op allen Niveauen fir den Amateurradio zum nächste Schrëtt ze verhëllefen.

Rappel: Denkt och un den IARU HF World Championship, de jo den 10. Juli um Programm steet. Single an Multi-Operators-Statiounen kënne jo hei matmaachen. D’Zil vun dësem Championship ass, fir dass d’Amateuren sech an deenen verschiddenen techneschen Domänen verbessere kënnen an awer virun allem och d’Kommunikatioun mat den Haptstatiounen vun de Membersveräiner bei der IARU ze erliichteren. Betrib gëtt op de Bänner 160, 80, 40, 20, 15 an 10 Meter gemaach.

An och nach eng Kéier dat hei: De LËTZEBUERG CITY MUSEUM organiséiert eng Ausstellung zum Thema “bréng däin Dengen!”. Hei kann all Stater Veräin e Stand opriichten wou en da seng Aktivitéiten virstelle kann. An deem Kontext maache mir hei en Opruff fir eis ze hëllefen hei e flotte Stand ze organiséieren. Vu dat et eis jo schonn zënter 1937 gëtt wollte mir virun allem op historescht Material zeréck gräifen. Mir sichen dem entspriechend historesch Geräter, QSL-Kaarten, Affichen an sou weider. Selbstverständlech kritt jiddereen säin Exponat no der Ausstellung zeréck. Falls een elo flott an interessant Saachen huet fir hei mat ze maachen, soll een e Mail mat enger Foto an enger klenger Beschreiwung un de Romain, LX1RW, op d’e-Mail-Adresse schécken. Merci am Viraus.

Zum Schluss, all déi wou hir Cotisatioun nach net bezuelt hunn, maacht dee Geste sou schnell wéi méiglech.

Jo, dat war et dann alt erëm eng Kéier, hält iech gesond a monter, a bis am Juli dann erëm.

Hei war d’QST-Emissioun vum Mount Juni am Numm vum Comité vum RL.