Themen vun der QST vum 30. Juli an 1.August 2021:
- LX FT8 Award
- Virträg vun der Hamradio
- Weinheimer UKW-Tagung
- Meteorscatter am August
- Propagatiounsprevisiounen
- LX5MF Michael Faraday
- SK Faisal Alajmi, 9K2RR
- Vakanz
CQ QST, CQ QST, hei ass d’QST-Emissioun vum Mount Juli vum Comité vum RL.
Eis FT8 Spezialisten si ganz äerdeg, si hunn en Diplom ausgeschafft deen ee vum 2. bis den 15. August maache kann. Dëst zousätzlech zu den FT8DMC Aktivitéiten. Iwwregens, den FT8DMC feiert dëst Joer säi 4te Jubiläum. D’Detailer fir den FT8 Concours fënnt een op eiser Homepage, hei huet een och schonn eng Virschau op den Diplom.
D’Hamradio war dëst Joer jo virtuell a mir hoffen dass dir d’Geleeënheet genotzt hutt e puer vun den intressante Virträg ze verfollegen. Fir all déi, di e Virtrag verpasst hunn ass den DARC wëlles op sengem Youtubekanal (https://www.youtube.com/user/darchamradio) all hier Virträg ze verëffentlechen. Et lount sech also e Bléck drop ze geheien. Einfach bei Youtube d’Begrëffer “darc”, “hamradio” an “2021” aginn oder direkt op hirem Kanal kucken.
Di 66. Weinheimer UKW-Tagung gëtt och elo virtuell ofgehalen. D’Cloud-Editioun ass Samschdes den 11. September a geet ëm 9:15 Auer un. Bis elo si nach keng Detailer op hirem Internetsite verëffentlecht, wien Interesse huet kann sech ënnert www.ukw-tagung.org um Lafenden halen.
Den 12. August, e wichtegen Datum fir eis Meteorscatterfrënn, da kräizt eis Äerd erëm d’Kometebunn vun de Persiden. Dës Meteoritte stamen eigentlech vun ofgesprengten Deeler vum Komet mat der Bezeechnung 109P/Swift-Turtle. Duerch d’Verglousen vun dësen Deeler an der Atmosphäre entstinn Ionisatiounsspuren, déi als Reflektor kënne benotzt ginn fir haaptsächlech op 2 Meter Überreichweiten ze maachen. Vue dass d’Persiden awer relativ schnell Stäreschnäizen sinn – si tauchen mat ongeféier 60 Kilometer an der Sekonn an eis Atmosphär an – sinn déi Phenomener vu ganz kuerzer Dauer. Dëst mécht, dass praktesch nëmmen Telegrafie als Modus machbar ass, an dëst wa méiglech mat ganz héijer Vitesse. Mee och fir déi, wou kee Meteorscatter maachen, ass et e flotte Spektakel fir nozekucken – virausgesat den Himmel ass kloer.
Fir d’Kuerwellen-Freaks gëtt et eng flott Internetsäit fir d’Propagatiounen virauszegesinn. Hei kann een op enger Animatioun zu verschiddenen Auerzäiten op verschidde Kontinenter als Ausgangs-QTH d’Propagatioun vun deenen eenzelen Kuerzwellebänner simuléieren. Net onbedéngt besonnesch spektakulär, mee fir di verschidden DX-Hunter definitiv e flotten Tool. Ze fannen ënnert www.dr2w.de an der Rubrik “DX Propagation”.
A Saach historesch Evenementer: A Gedenken un dem Michael Faraday sai Gebuertsdag, den 22. September 1791, hu mir vum 26. September 2021 bis den 26. Mäerz 2022 e Sonnerruffzeechen aktiv. De Call ass LX5MF. Mir drécken do och eng entspriechend QSL-Kaart, déi mir dann via eise QSL-Büro verschécken. Duerch säi Numm als Experimentalphysiker am Beräich elektromagnéitesch Induktioun läit et op der Hand dass mir eis den Science Center vun Déifferdeng mat an d’Boot geholl hunn. An hirem Elektrolabo kënnen si nämlech di gréissten Plasmakugel weltwäit mat engem Duerchmiesser vun 1 Meter produzéieren. Zesumme mat hinnen hu mir um Weekend vum 11. op den 12. September am Science Center eng “joint venture” fir dem Grand-Public eisen Hobby virzestellen. Hei wäerte mir dann och e puer Experimenter souwéi eise Club virstellen a PR-Material ausdeelen. Eis Memberen sinn all häerzlech invitéiert sech dat Ganzt ukucken ze kommen; fir si ass dee Weekend den Entrée selbstverständlech fräi.
Zum Schluss dann leider eng traureg Nouvelle: Den Faisal Alajmi, 9K2RR, ass den 2. Juli un de Folgen vun senger Covid-Erkrankung gestuerwen. Hien war zënter 2014 de Vize-President vun der IARU Regioun 1 an och Vertrieder vun den arabeschen Veräiner.
Dat war et dann alt erëm eng Kéier, hält iech gesond a monter, a bis am September dann erëm – am August si mir all an der Vakanz. Genéisst et, vergiesst awer net trotzdeem mol heiansdo QRV ze ginn.
Hei war d’QST-Emissioun vum Mount Juli am Numm vum Comité vum RL.