Themen vun der QST vum 24. an 26. September 2021:

 - Jamboree On The Air
 - LX5MF Michael Faraday
 - 25. IARU R1 General Konferenz
 - Shack zu Eesebuer
 - Cours fir den Examen
 - RL Bulletin
 - 4 Amateuren op der ISS
 - Tokyo Hamfair an 39. Raumfahrt Symposium
 - Amateur Radio Satellitten GENESIS-L an -M
 - RL Monatsversammlung

CQ QST, CQ QST, hei ass d’QST-Emissioun vum Mount September vum Comité vum RL.

Jo, mir sinn erëm do, frësch aus der Vakanz a prett fir unzerappen.

Wéi all Joer, den drëtte Weekend am Oktober, do steet bei de Scouten de Jamboree on the Air um Programm. Eng Aktivitéit wou weltwäit eng annerhallef Millioun Jugendlecher drun deel huelen. Och hei zu Lëtzebuerg sinn do e puer honnert potentiell Clienten fir eisen Hobby derbäi. Leider hu mir an der Läscht méi wéi eng Kéier deem engen oder anere Scoutsgrupp missen ofsoen, well keen OM sech fonnt huet fir hei mat ze maachen. Mir kënnen net engersäits kräischen dass eise flotten Hobby keen Nowuess huet, an anerersäits näischt maachen fir deem entgéint ze wierken. Eng besser Geleeënheet wéi di do gëtt et net. A mir brauchen am Fong näischt anescht ze maachen wéi eisem Hobby no ze goen.
Fir all déi, wou sech näischt heidrënner virstelle kënnen, kuckt emol op der Internetsäit www.jotajoti.lu. Hei gëtt am Fong all Fro zu deem Thema behandelt. Hoffentlech fillt elo jiddereen sech ugesprach, bei Interesse mellt iech iwwert de Kontakt Formular vun där Säit, do kläre mir dann och all Fro wou eventuell nach opsteet. Mir fannen ëmmer eng Léisung sou dass jiddereen zefridden ass.

Mir hunn och erëm e Spezialcall aktivéiert, an zwar zu Éiere vum engleschen Naturfuerscher, chemeschen Analytiker an Experimentalphysiker, dem Michael Faraday, deen vum 22. September 1791 bis den 25. August 1867 gelieft huet. LX5MF kann ab dem 26. September 2021 bis den 26. März 2022 vun alle Lëtzebuerger RL- Memberstationen gemeet ginn. Eng entspriechend QSL-Kaart gëtt nach gedréckt. Manager fir dëse Call ass den LX1KQ, de Mich.
Den Optakt heizou hate mir schonn virleschte Weekend mat enger Presentatioun vum Faraday an och vun eisen Aktivitéiten. Dëst war am, an och an Zesummenaarbecht, mat dem Luxembourg Science Center vun Déifferdeng. Deen ass op jiddefalls ëmmer e Besuch wäert.

Di 25. IARU Regioun 1 General Konferenz ass och ugelaf. Aus aktuellem Ulass gëtt se awer virtuell ofgehal. Eise President, de Mich, an d’Mendaly, LX2VY, vertrieden den RL do. Mir wënschen hinnen vill Erfolleg, hei sollen nei Methoden a Weeër fir den Amateurfunk ausgeschafft ginn.

An eisem Shack zu Eesebuer deet sech och eppes. Et hat jo era gereent an dofir ass den Daach iwwert eisem Clubraum komplett erneiert ginn. Soubal alles fäerdeg ass kënne mir eis nees do installéieren. Mir halen iech do selbstverständlech um Lafenden.

Eise Cours fir den Examen beim ILR leeft och geschwënn un, bis elo si schonn 6 Kandidaten ugemellt. Den neie Froekatalog zum Examen kann een och um Site vum ILR nokucken. Wann dir elo nach Interessenten kennt, sot hinnen si sollen sech esou schnell wéi méiglech bei eis mellen.

Eng erfreelech Nouvelle aus der Redaktioun; de Bulletin fir dat zweet Semester ass esou gutt ewéi fäerdeg. Do kënnt dann an nächster Zäit e bësse Lecture op eis duer. Elo schonn en décke Merci un de Frank, LX2AU, fir seng flott an interessant Artikelen.

Véier Radioamateuren wäerten u Bord vum nächste SpaceX Fluch op d'International Space Station (ISS) sinn. Et sinn Raja Chari, KI5LIU, Tom Marshburn, KE5HOC, a Kayla Barron, KI5LAL. De véierten an der Grupp ass den Däitschen Matthias Maurer, KI5KFH, Astronaut vun der European Space Agency. De Startdatum ass fréistens fir den 31. Oktober vum Kennedy Space Center a Florida aus geplangt.
D'Crew ass virgesinn fir e laangfristegen Openthalt u Bord vum Weltraumlaboratoire, wou se wunnen a schaffen wäerten, als Deel vun enger erwaartener siwe-Persoune Crew. Et ass deen éischte Raumfluch fir Chari, Barron a Maurer, an den Drëtte fir Marshburn. D'Crew wäert eng sechs Méint laang wëssenschaftlech Missioun u Bord vum Mikrogravitatiounslaboratoire an enger niddereger Äerdbunn hunn.

D'Amateur Radio Foire "Tokyo Hamfair", - ursprénglech geplangt fir den 2. an 3. Oktober zu Tokyo a Japan, wäert wéinst der Pandemie net stattfannen. D’JARL waren ufanks voller Hoffnung datt dëst Event kéint stattfannen. Leider huet e groussen Ausbroch d'Covid Situatioun am Summer verschlechtert, an dofir hunn si beschloss den Event fir 2021 ze annuléieren. "Mir hoffen datt d'Tokyo Ham Foire ënner séchere Bedéngungen am Joer 2022 stattfanne kann", seet de Ken Yamamoto, JA1CJP vun der Japan Amateur Radio Leage.

Aus der selwechter Ursaach fënnt elo den 39. Raumfaart Symposium vun der Nordamerikanescher AMSAT-NA, deen Enn Oktober als perséinlecht Event geplangt war, als virtuellen Event statt. Ursprénglech war en zu Bloomington, Minnesota, an USA, geplangt als Uschloss un de virtuelle Symposium vum leschte Joer.

Zum Thema Raumfaart gouf et leider e Feelschlag. D'Amateur Radio Satellitten GENESIS-L an GENESIS-N goufen zerstéiert wéi se an de Weltraum gestart goufen. Si waren den 2. September u Bord vun enger Firefly Alpha Rakéit vun der Vandenberg Space Force Base, a Kalifornien gestart. D’Anomalie koum ongeféier zwou Minutten nom Start.
D’Flugkontroll war gezwongen d'Rakéit ze zerstéieren wärend se nach ënnerwee war. GENESIS-L a GENESIS-N waren déi éischt selwer gebaute Satellitte vun derAMSAT-EA.
D'Fluchanomalie ass an enger Phas geschitt an där d'Rakéit eng Geschwindegkeet vu Mach 1 erreecht huet an domat de maximalen aerodynameschen Drock op d'Rakéit ausgeübt gouf. GENESIS-L a GENESIS-N sollten eng Rei Telekommunikatiounsexperimenter duerchféieren, ënner anerem d'Dopplervariatioune analyséieren fir Fluchbunnen ze bestëmmen. D'Satellitten Serenity, Hiapo, Cresst Dream Comet, QUBIK-1 a QUBIK-2 souwéi Spinnaker-3 / Firefly Capsule 1 sinn och verluer gaangen. Si waren all entwéckelt fir op Amateurradiofrequenzen Telemetriedaten an Kommunikatioun ze iwwerdroen.

An da fanne mir, dass et de Moment erëm misst méiglech sinn, wéi gewinnt, eis den éischte Mëttwoch am Mount, op eiser Monatsversammlung, ze gesinn. Dat wier dann elo den 6. Oktober. Am Averständnes mat dem “San Marino” vu Peppeng géinge mir dat ënnert dem Regime vum Covid-Check ofhalen. An der Hoffnung iech all dann do erëmzegesinn, mellt iech awer léiwer beim Jean-Claude, LX1CU, unn. D’Telefonsnummer hei ass den 621 362 322. Da kënnt dir dee Moment och är QSL-Kaarten ofginn an ewech huelen.

Zum Schluss dann wéi ëmmer déi méi traureg Nouvelle: Den Roger Gehlen, LX1DO, ass Silent Key, senger Famill eist opriichteg Matgefill.

Jo, dat war et dann alt erëm eng Kéier, hält iech gesond a monter, a bis am Oktober dann erëm. Hei war d’QST-Emissioun vum Mount September am Numm vum Comité vum RL.