Themen vun der QST vum 29. an 31. Oktober 2021:

 - Jamboree On The Air
 - LX5MF
 - 25. IARU R1 General Konferenz
 - RL Bulletin
 - RL Newsletter
 - Shack zu Eesebuer
 - RL Monatsversammlung
 - WSJT-X
 - Parks On The Air
 - Hamradio 2021

CQ QST, CQ QST, hei ass de Frank, LX1MG mat der QST-Emissioun vum Mount Oktober vum RL.

De JOTA-Weekend vun dësem Joer war e ganz speziellen, eise Chef Scout Guillaume huet un der Eröffnungs-QST-Emissioun deel geholl. Hien huet di 6 Statiounen, wou hei zu Lëtzebuerg matgemeet hunn, eenzel opgeruff, hien hat och e flott Gespréich mat dem Rupert Schildböck, dem WOSM-Vertrieder vun LX9S an hien huet duerno och nach e bëssen mat LX1JAB ge-smalltalkt. Dat war op jiddefalls eng gutt Reklamm fir dës Aktivitéit.

Bei LX9S waren ënnert dem Frank, LX1BF, an dem Misch,LX1KQ senger Regie 10 lëtzebuerger an 13 auslännesch OM’en am Asaz. Ronn 100 Jongen a Meedercher hunn iwwert de Weekend d’LX9S Statioun besicht.

Den IARU R1 “Youth Working Group” huet an Zesummenaarbecht mat Scouten aus Europa wärend der COVID-19 Pandemie eng monatlech Online Serie an d’Liewe geruff mam Numm "YOTA Online". An enger vun hiren Episoden war d'Haaptthema de Scouten Event "JOTA/JOTI".

Duerch vill Online Reuniounen an Telefonsgespréicher hunn si sech organiséiert fir beim däitsche JOTA/JOTI Headquarter wärend dem weltwäiten Event 2021 mat ze maachen. Mat der ganz obligatorescher Hëllef vu OM’en konnten si d'Statioun DL0JOTA zesummestellen an bedreiwen. Dës speziell Ruffzeechen gouf um "Schlass Rieneck" bei Frankfurt an Däitschland vun enger klenger Delegatioun vum IARU Region 1 Youth Working Group bedriwen.

Während eng 20 Scouten aus ganz Däitschland bei dësem Event matgemaach hunn, waren och international aktiv Scouten op der Plaz. Gespréicher mam President vum Europäesche Scoutscomité, dem Lars Kramm, waren ganz informativ an zielorientéiert. De Jugendaarbechtsgrupp vun der IARU Regioun 1 wëll dëse gudde Kontakt halen a geschwënn erëm iwwer zukünfteg gemeinsam Eventer a Kooperatiounen verhandelen.

Den, vun der IARU fir d’Jugend zoustännege Vertrieder, de Philipp, DK6SP soot ” Den Jamboree On The Air (JOTA) Programm enthält Aktivitéiten wéi zum Beispill en HF-Radio bedreiwen oder iwwer de geo-stationäre Satellit QO-100 QRV ze ginn. Wéi och ëmmer, déi bescht Reaktioun vun den deelhuelende Scouten koum awer bei der Presentatioun vum Morsecode. Mir ware ganz beandrockt wat dës jonk talentéiert Leit scho woussten an am Detail, mat vill Betounung, gefrot hunn. Och Sked’en mat anere weltwäite Scoutsgruppen aus verschiddene Länner wéi Lëtzebuerg, Holland, an England ënnert anerem goufen erfollegräich ofgeschloss. Ausserdeem hu mir eng kleng ARDF Fuussejuegd virbereet fir déi grouss Vilfalt vun eisem gemeinsamen Hobby ze weisen.”

 

Eise Spezialcall, dee mir zu Éiere vum engleschen Naturfuerscher, chemeschen Analytiker an Experimentalphysiker, dem Michael Faraday aktivéiert hunn, an deen bis den 26. März 2022 vun alle Lëtzebuerger RL- Memberstationen ka gemeet ginn, huet scho Succès. Bis elo si schonn eng 2000 QSOen mat dem Ruffzeechen LX5MF gemeet ginn. Eng entspriechend QSL-Karte ass scho ge-designt. Manager fir den LX5MF ass den LX1KQ, eise Mich.

 

Di 25. IARU Regioun 1 General Konferenz ass eriwwer. Eise President, de Mich, an d’Mendaly, LX2VY, haten eis als Delegéiert do vertrueden.

A groussen Zich ass et dorëms gaangen fir d'Zukunft vum Amateurfunk ze définéieren. Bal 140 Delegéiert hu wärend 10 Deeg u Marathonsëtzungen deel geholl, a verschiddene Break-out Sessiounen, wou se als Team un der Definitioun vu Visiounen an Ambitiounen fir den Amateurradio, strategesch Ziler, mat als Ennzil, Aktiounen a Meilesteng, geschafft hunn. Den Don Beattie G3BJ, IARU R1 President, huet ënnerstrach: "Vun Zäit zu Zäit hunn eng Rei vun Iech mir hier Bedenken iwwer d'Positioun vum Amateurradio vun Haut ausgedréckt. Dir hutt gesot, mir mussen eis Public Relations verbesseren. Dir hutt gesot, mir mussen Allianzen mat aneren Organisatiounen a verbonne Beräicher bilden an esou eis Positioun stäerken. Dir hutt gesot datt mir Amateur Radio Leit aus aneren verbonnen Interessegruppen rekrutéiere sollen. All dat si ganz valabel Kommentaren, awer si riskéieren ee wichtege Punkt ze iwwersinn. Den Amateurradio iwwer deen mir haut schwätzen ass ganz dacks den Amateurradio aus der Vergaangenheet." Den Don geet weider, an erwäänt datt mir eng gemeinsam Visioun brauchen fir wat et Amateurradio gëtt oder muss ginn. Hie seet weider: "Mir mussen dëst Evenement gesinn als d'Fortsetzung vun engem Prozess dee mir Ufanks dëst Joer mat der SWOT Analyse gestart hunn an deen nach fir e puer Joer weider geet. Awer et wäert eis hëllefen d'Richtung fir d'Aarbecht un der Entwécklung vum Hobby an den nächsten zéng Joer ze weisen.”

 

En décke Merci un de Frank, LX2AU, fir seng flott an interessant Artikelen an eisem Bulletin. Dës Kéier gouf et jo genuch ze liesen. Wann elo een de Bulletin net kritt huet, misst en eis Bescheed soen. Da musse mir kucken ob di richteg Adresse an eisem Fichier steet. Kontrolléiert och ob d’Donnéen am Call-Book korrekt sinn.

Dat selwecht gëllt och fir eis Newsletter wou jo elo zousätzlech zu eiser QST-Emissioun verschéckt gëtt. Wann een di Newsletter net kritt kann een sech awer nodréiglech an d’Lëscht heifir androen, dëst mécht een op eisem Internetsite www.rl.lu.

Den RL plënnert. Mir wësse just nach net wouhin. Dir hat jo all matkritt dass eise Shack dat läscht Joer ënner Waasser stoung, do gouf schnell alles eraus geraumt an duerno an engem Garage niewent dem Shack ënnerbruecht. Den SNJ huet dee Garage awer elo fir sech gebraucht an all eist Material an eise Shack gestapelt. Dem entspriechend gesäit et och elo do aus. Dofir bräichte mir elo akut en Depot, fir all eist Material provisoresch ënner ze stellen, an duerno soll dann all dat wat net am Shack gebraucht gëtt, an am Moment och nach deelweis op private Plazen stockéiert gëtt, hei hi kommen. Wann also een eng Plaz weess wou eis Saachen dréchen an och zu all Moment accessibel kéinten ënner bruecht ginn, sot eis schnellstens Bescheed. Et wier och vu Virdeel wann dat Lokal dann relativ zentral am Land léich. Mir hu schonn op verschidde Plazen ugeklappt, ouni Erfolleg, dofir eisen Opruff hei un iech all.
An da sinn am RL nach Plaze fräi. Nët déi vun eisem President oder soss engem Kommiteesmember, nee mir sichen Hëllef beim Re-Amenagement vun eisem Shack. An dann hu mir och nach e Pak Aarbechtsgruppen déi sech ëm verschidde Projet’en bekëmmeren. Hei kann een ganz bestëmmt eppes bäiléieren a flott Erfarunge sammelen. Déi eenzel Aarbechtsgruppen fënnt een op eiser Homepage an och vir am Bulletin. Dëst misst virun allem Newcomers uspriechen.

Eis éischt Monatsversammlung no der Covid-Paus, déi den 6.Oktober am San Marino zu Peppeng war, hat décke Succès. Dofir wëlle mir dat selwecht dann den 3. November widderhuelen, och genee esou wéi di leschte Kéier ënnert dem Covid-Check Regime. Wéinst der Reservatioun vun de Plazen ass et absolut wichteg dass een sech ënnert umellt wann een derbäi wëllt sinn. Da kënnt dir dee Moment och erëm är QSL-Kaarten ofginn an ewech huelen.

De Programm WSJT-X ass elo an enger neier Versioun do. Dëst ass eng gratis Amateurradio Software fir Kommunikatioun mat schwaache Signaler. Si gouf vum Radioamateur an Nobelpräisdréier an der Physik, dem Professer Joseph Hooton Taylor Jr entwéckelt. D'Entwécklungsteam huet di allgemeng Disponibilitéit vun der Software Versioun 2.5.1 ugekënnegt. Dës Versioun enthält haaptsächlech Verbesserungen a Bugfixes am Zesummenhang mat de Q65- a JT65-Modi wann een net-Standard- a Compound-Uriff benotzt. Abegraff ass ënnert anerem eng nei Feature fir Fliger-Scatter op de Mikrowellebänner.
Och wichteg: Wann een de JT65 oder Q65 Modi fir QSOen mat schwaache Signaler benotze wëll, déi net standardiséiert Ruffzeechen enthalen, soll een definitiv op WSJT-X 2.5.1 upgraden.

Als éischt POTA-Aktivitéit („Parks on the Air“) an Indien hunn den Arunava Dey, VU3XRY, an den Abhrajit Das, VU3YDA, kierzlech ugefaang Aktivitéiten aus dem Kanchanjungha National Park am indesche Staat Sikkimze ze maachen. Hiren eegenen Informatiounen no, sinn si déi éischt Radioamateuren an Indien, déi aus enger Héicht vu 6000 m iwwer dem Mieresspigel um Programm "Parks on the Air" deelgeholl hunn, kuerz POTA genannt.
Mir sinn an de leschte Joren der Ofkierzung "OTA" fir "on the Air" zimmlech dacks begéint. Den Iddien Räichtum fir Programm-Aktivitéiten ass wierklech grouss: Vun Radio Operatiounen op Schlässer (COTA, fir "Castles") zu den populären IOTA, fir Betrib op Inselen ("Islands") ass alles méiglech. Den Arunava Dey, VU3XRY, sot: "Dëst ass en historesche Moment fir eis well mir sinn déi éischt déi un engem internationalen Event mam Numm “Parks on the Air” aus Indien deel huelen. Mir hunn ongeféier 14 Kontakter aus ganz Indien iwwert HF gemaach. Ech wéilt Iech och informéieren datt ech den éischte Land-Administrateur fir Indien an der POTA Organisatioun ginn. Ech gleewen datt dëst Indien op den internationale Standard fir Amateurradio bréngt.”
Weider Informatiounen fannt Dir op https://parksontheair.com/.

Andauernd ginn erëm nei Video Beiträg vun der Hamradio 2021 fräi geschalt. Sou goung e Mëttwoch, den 20. Oktober, den Titel "Special Stations of DARC 2020" online. Den DARC-DX Spriecher Enrico Stumpf- Siering, DL2VFR, erzielt iwwer déi speziell Statiounen, déi d'Radioamateuren bei speziellen Occasiounen oder op spezielle Plazen am vergaangene Joer bedriwwen hunn.
D’Videoen fënnt een op www.youtube.com/user/DARCHAMRADIO. Alternativ kann een och d’Beiträg op dem YouTube-Kanal vum Produktionsteam „Faszination Amateurfunk“ukucken. Fir e besseren Iwwerbléck erschéngen all d’Virträg vun der HAM RADIO World 2021 um DARC Kanal an enger separater Playlist mam selwechten Numm. Et ass gratis an onofhängeg vun der DARC Memberschaft. D’Virliesunge bleiwen op YouTube bestoen.

 

Jo, dat war et dann alt erëm eng Kéier, hält iech gesond a monter, a bis am November dann erëm. Hei war d’ Oktober QST-Emissioun vum Comité vum RL.