Themen vun der QST vum 26. an 28. November 2021:
- Problemer mat Antenneninstallatiounen
- C4FM
- PNUT Peanut
- QSL Karten
- LX5MF
- Tech-Talk no der QST
- AMSAT-NA
- Monatsversammlung
- LX8HQ
- RL Projeten
- ARRL News
- Working Groups
CQ QST, CQ QST, hei ass de Frank, LX1MG mat der QST-Emissioun vum Mount November vum RL.
Fir all deenen ze hëllefen wou Problemer mat hirer Gemengeverwaltung hunn, betreffend d'Opriiten vun enger Antenn, gëtt et op eisem InternetSite eng Recommandatioun déi eis bei där Prozedur ënnerstëtze kann.
dat Ganzt steet ënnert: www.RL.lu - Legislation – Regulations
-------
Zu Buerschent ass op dem Site vun eisem Relais en C4FM Repeater bäikomm. Dësen ass och permanent mat eisem XLX-Reseau verlinkt.
D'Frequenz ass: uplink 431,925 MHz, downlink 439,525 MHz d'Ruffzeechen ass: LX0DRB
-------
Hei e klenge Rappel, dëst steet och schonn op eiser Homepage:
All déi Leit wou um D-Star Reflector Dashboard vum XLX270 hannert verschidden Ruffzeechen de
Suffix PNUT, an dat via PA7LIM C, gesinn hunn an sech froen wat dat ass, hei d’Erklärung:
Den RL-Comité huet no enger Léisung gesicht fir dass jiddereen op D-Star era lauschteren a matschwätze kann ouni gréisser Investissementer missen ze maachen. Do hu mir de Programm Peanut fonnt, deen een sech fir Android am Google Playstore erof luede kann oder op engem Windows-Gerät installéiere kann.
Do dernieft ginn et 2 Konditiounen ze erfëllen, et soll een eng DMR ID hunn an et muss een eng Kopie vu senger Lizenz un den David, PA7LIM, schécken fir den Softwareaktivéierungscode ze kréien. Dëst ass fir ze verhënneren dass aner Leit ouni Lizenz op eemol di ganz Saach benotzen fir einfach nëmmen mat dem Handy ze chatten, an, dir musst jo bedenken, dat Ganzt geet och per Funk iwwert di connectéiert D-Star Relais’en eraus. No der Installatioun vun der Software fënnt een am Setup nach verschidden Astellungen sou wéi och d’Adress vum David, un deen een eng Kopie vu senger Lizenz hi schécke muss.
Eng DMR ID ass net zwéngend néideg mee vu Virdeel, déi kritt een ganz einfach wann een op RadioID.net geet an do eng entspriechend Ufro mécht.
Wat ass elo de Virdeel vun dem Peanut-System; nieft präisgënschteg D-Star maachen och nach, ouni weider Kenntnisser iwwert d’verlinken vun Reflektoren, aus dem Ausland mat de Kolleegen doheem funken, an dat ouni missen dohannen e lokalen Relais ze sichen oder en Hotspot mat ze huelen.
De Lëtzebuerger Room ass XLX270B.
Op eisem Reflektor-Dashboard gesäit een och zu all Moment wien do QRV ass.
-------
Fir all déi Leit wou net vill QRV sinn an awer trotzdeem heiansdo eng QSL-Kaart verschécke wëllen, hu mir eng Standard-Kaart déi een zu 250 Stéck fir de Präis vun 5€ bei eis bestelle kann. Et kritt een och Etiquetten mat sengem Call fir drop ze pechen.
-------
Wann een sech interesséiert wéi seng QSL-Karten am DARC verschafft ginn, hei gëtt et e flotte Video dozou. De Link steet an eiser Newsletter.
-------
Eise Spezialcall, LX5MF, dee mir zu Éiere vum engleschen Naturfuerscher, chemeschen Analytiker an Experimentalphysiker, dem Michael Faraday aktivéiert hunn, kann bis den 26. Mäerz 2022 vun alle Lëtzebuerger RL- Memberstationen gemeet ginn, Bis elo si schonn iwwert 5000 QSO'en an 137 Länner mat dem Ruffzeechen LX5MF geschafft ginn. Eng entspriechend QSL-Karte ass scho ge- designt. Detailer kritt een beim Manager fir den LX5MF, dem LX1KQ.
Dës Aktivitéit leeft jo an Zesummenaarbecht mam Science - Center vun Déifferdeng.
-------
Eis traditionell QST-Emissioun huet an der Lescht net méi de gewënschtene Succès, dofir hu mir jo d’Newsletter vum RL an d'Liewe geruff fir de Kontakt mat eise Memberen op enger der Zäit ugepasste Manéier ze halen. Mir wëllen d'QST-Emissioun awer net ofschafen, mee mir halen se mat de wichtegstenTitelen aus der Newsletter bäi. Do derniewent wëlle mir awer och en neie Wand do dra kréien. An zwar a Form vun engem "Tech-Talk" Owend wou direkt no der QST-Emissioun soll sinn. Hei bidde mir dann eng Plattform un, op där jiddereen seng Spezialitéit virstelle kann. Dat soll mat enger klenger Presentatioun an e puer Erklärungen ufänken, duerno soll dat dann eng offen Diskussioun mat Fro an Äntwert ginn. Jiddereen deen sech dann elo hei beruff fillt eppes zum Beschten ze ginn soll eis d'Thema an de gewënschtenen Datum uginn, mir publizéieren dat dann hei op dëser Plaz an eiser Newsletter.
Als Kontaktadress hei wier d'e-Mail
Wann een d’Newsletter elo net kritt kann een sech op eiser Homepage an d’Lëscht heifir androen.
-------
D'AMSAT-NA huet sech den 30. Oktober getraff fir hiren Dr. Tom Clark, K3IO, Memorial Space Symposium 2021. Et gouf vill aus dem Satellitesecteur ze léieren. De President Robert Bankston, KE4AL, huet gesot datt d'Organisatioun zukünfteg Satellitemissioune wéi och kommerziell Ziler wäert verfollegen fir an Zukunft genuch Satellitten am Weltraum ze hunn.
Nom Bankston senger Ausso ass d'AMSAT-NA an enger zolidder finanzieller Positioun. "Mir si frou méi wéi 4000 Memberen an 76 Länner ze hunn. Wéi och ëmmer, zousätzlech Fongen sinn néideg fir d'Entwécklung, Konstruktioun a Start vu Satellitten," erkläert de Vizepresident fir Entwécklung, Frank Karnauskas, N1UW. Dofir ginn Efforte gemaach fir Subventiounen vun relevante Organisatiounen a Firmen ze kréien. An der Zukunft sollen AMSAT-NA Satellitten an héije Bunnen ëm Äerd fléien. Och Äerd-noo Satellitten wëll een net opginn, z.B. FM CubeSats. Fir AO-91 an AO-92 gëtt nëmmen eng limitéiert Liewenserwaardung virausgesot, sou datt nei Initiative gefuerdert sinn. KE4AL huet och de Kaf vu kommerziellen Satellitte bruecht fir d'Entwécklungszäit ze reduzéieren. AMSAT-NA plangt e
V / U 1U FM CubeSat ze kafen, obwuel extern Quelle fir d'Finanzéierung gewënscht sinn. De Vizepresident vum Ingenieur, Jerry Buxton, NØJY, huet en Iwwerbléck iwwer déi geplangte Satellitteprojeten ginn. Dëst beinhalt d'Liwwerung vun engem linear Transponder Modul un d'Universitéit vu Maine fir hiren MESAT1, dee geplangt ass fir am Joer 2022 ze starten. De CubeSat GOLF-TEE ass am Bau a soll och am Joer 2022 ufänken. Wéi och ëmmer, d'AMSAT ass och vum globalen Mangel u Komponenten betraff. Den AMSAT Dr. Tom Clark, K3IO, Memorial Space Symposium an d'2021 Generalversammlung sinn um AMSAT YouTube Kanal verfügbar.
-------
Eis Monatsversammlung an der Pizzeria zu Peppeng hu mir wéinst der aktueller Entwécklung vun de Covid-Zuelen annuléiert. De Risiko vun enger Infektioun ass eis am Moment ze grouss. Soubal mir erëm op der sécherer Säit sinn soe mir iech Bescheed. Selbstverständlech steet et awer jidderengem fräi op eegen Initiativ dohin ze goen.
-------
Eis HF World Championship Aktivisten hunn och super geschafft mat LX8HQ. Bravo un F1ULQ, LX1JH, LX1KQ, LX1LC, LX1NO an LX2VY. Si hunn et nämlech op di 28. Plaz vun 80 gepackt.
-------
D'JOTA-Statioun LX9S hat och e QSO mat N4C, dem Occoneechee Amateur Radio Club. Just an der Geographie waren déi awer net esou bewandert. ;-)
Och hei ass de Link op de Video an eiser Newsletter.
-------
Den RL huet och nach eng kleng to-do Lëscht opstoen. Wann elo een Iddie huet fir hei matzemaachen sot eis Bescheed.
Hei di verschidden Projet'en:
Hamnet
- Buurschent – Nacher op 5Ghz ëmbauen
- Esebur Kabelverbindung Shack - Mast hierstellen
- Rodange Dippech Link opbauen
- Dippech Hosteberg Link opbauen
- Ronnebësch – Broderbur – Burschend Link opbauen
- Ronnebësch ON0TB Link opbauen
Esebuer Shack
- Ausraumen – Usträichen – Installéieren
- Antenn – Filter – Remote Statioun installéieren
Buerschent HF
- Balisen
- Nei Kabelen ½ Zoll 3x
- HI Antennen réckelen
Dippech HF
- Eng Scannerantenn fir den Air Spy montéieren
- 70cm APRS a Wiederstatioun op riichten
-------
ARRL-News
W1AW Commemorative Transatlantic QSL Kaart.
Statiounen, déi Kontakt mat der Hiram Percy Maxim Memorial Station, W1AW, tëscht dem 11. Dezember 2021 an dem 31. Dezember 2022 maachen, qualifizéiere sech fir eng Commemorative W1AW QSL Kaart ze kréien.
Den 2021 ARRL 160-Meter Concours, vum 3. Dezember 22:00 UTC bis den 5. Dezember 15:59 UTC. Dësen 42-Stonnen, nëmmen-CW Concours ass änlech wéi déi originell transatlantesch Tester vun de fréien 1920er. Statiounen an den USA a Kanada schaffen géigesäiteg wéi och DXCC Entitéiten.
D'Radio Society of great Britain plangt en aktivéieren vun den Original "Call-Signs" déi am transatlantesche Test benotzt goufen, mat bis zu siwen verschiddene Präfixe aus den UK an hiren Kroun-Ofhängegkeeten. Dat sinn G6XX (England); GD6XX (Isle of Man); GI6XX (Nordirland); GJ6XX (Jersey); GM6XX (Schottland); GU6XX (Guernsey), an GW6XX (Wales).
Special Event GB1002ZE, 1 - 26 Dezember, 2021.
De Crocodile Rock Amateur Group (CRAG) aus Ardrossan, Schottland, wäert d'Special Event Statioun GB1002ZE aktivéieren fir den erfollegräichen Empfang vun transatlantesche Amateur Signaler vum Paul Godley, 2ZE, am Joer 1921 ze gedenken. D' RSGB encouragéiert Statiounen aus Groussbritannien a Kroun Ofhängegkeeten de Suffix "/ 2ZE" op hirer Statioun hiert normal Ruffzeechen drun ze hänken, esou wéi et vum UK Regulateur Ofcom erlaabt ass.
-------
Den Dezember YOTA Mount geet vum 1. Dezember 2021 00:00 UTC bis den 31. Dezember 2021 23:59 UTC.
Dëst ass eng Erënnerung fir Iech fir e speziellt YOTA Ruffzeechen ze bewerben an ze registréieren, fir daat dann wärend dem Dezember YOTA Mount (DYM) 2021 ze benotzen. D’Iddi dofir ass, den Amateurradiohobby der Jugend ze weisen an déi Jonk ze encouragéieren op den Ham Radiowellen aktiv ze sinn.
Lizenzéiert an net lizenzéiert Jugendlecher wäerte QSO'e maachen, denkt drunn datt dëst hiren éischte Radiokontakt jee kéint sinn a gitt hinnen eng Chance fir e méiglechen neien Hobby ze erliewen.
Bis elo si schonn 27 Statiounen ugemellt. Dir kënnt déi ganz deeglech aktualiséiert Lëscht op der Yota-Websäit gesinn. Gitt w.e.g. de Jonken vum RL eng Chance fir QRV bei dësem alljärlechen globalen Event ze sinn!
Jonk Leit ginn vum IARU R1 als 'ënner 26' definéiert, dat heescht datt e Ruffzeechen entweder vun enger jonker Persoun benotzt soll ginn oder benotzt gëtt fir de Jonken den Amateurradio-Hobby ze weisen
Dëst ass kee Concours; Schwätzt einfach mat de Jonken. D'Haapt YOTA Websäit: https:// ham-yota.com
-------
All d'Workinggroups sou wéi och soss jidfereen deen nach eng Rechnung beim RL opstoen huet soll déi virum 27. Dezember beim Comité ofginn.
Denkt och schonn un d'Rapport'en fir d'Generalversammlung, déi hu mir elo mol fir den 13. Mäerz geplangt.Detailer kommen hei nach noo.
------
73, a bis am Dezember dann erëm...