Themen vun der QST vum 25. an 27. Mäerz 2022:

 - Generalversammlung 2022
 - Saar-Lor-Lux 2023
 - Monatsversammlung zu Peppeng
 - QSL Büro
 - Kontakt Comité
 - Working Groups
 - CEPT Update
 - UBA Kongress & DIRAGE
 - World Amateur Radio Day
 - HamRadio 2022
 - CQMM DX CONTEST

CQ QST, CQ QST, hei ass de Frank, LX1MG mat der QST-Emissioun vum Mount Mäerz vum RL.

Den 13. Mäerz hate mir jo eis Generalversammlung am Sall Gaston Stein zu Jonglënster. De Bilan 2021 an de Budget 2022 ass presentéiert an vun der Versammlung ugeholl ginn.
Verschidde Memberen hunn aus perséinleche Grënn am Comité opgehal, hinnen en décke Merci fir hir gutt a laangjäreg Aarbecht, well si awer net do waren konnte mir hinnen net perséinlech Merci soen, e klenge Kaddo kënnt awer nach no.

De neie Comité stellt sech follgendermoossen op:

  • President: Friederich Michel, LX1KQ
  • Vize-Presidentin: Ries Mendaly, LX2VY, hat besetzt och de Posten vun Sekretäre-adjoint
  • Sekretär: Reuland Neckel, LX1NR
  • Tresorier: Thill Arsène, LX1TB
  • Tresorier-adjoint: Staar Bob, LX1BS
  • Member: Weber Romain, LX1RW
  • Member: Lutty Philippe, LX2A

Den Armand, LX1MA, huet och Merci gesot krit fir seng laangjäreg Asaz als Formateur fir eis Couren an als Interlocateur bei den offiziellen Instanzen sou wéi och beim ILR an och als Member vun de verschiddensten Aarbechtsgruppen.
Och hien krut e klenge Kaddo.
De Bulletin mat dem Rapport vun der AG ass och an der Preparatioun, de wäert dann och geschwënn an d’ Boîte kommen. Do ass dann och den Opruff dran fir är Cotisatioun ze bezuelen.

Eis däitsch Kolleegen aus dem Saarland hunn sech entschëllegt well si wéinst hiren Corona-mesuren nach net an der Lag waren, eise Virschrëften no, un eiser AG deel ze huelen.
Si deelen eis an engems mat, dass dat nächst Saar-Lor-Lux Freundschaftstreffen dann och eréischt am Joer 2023 ofgehale ka ginn.
Si wënschen eis, a mir hinnen natierlech och, alles Guddes an eng gutt Gesondheet bis dohin.

Eis Kolleegen vun der ADRAD haten och hir Generalversammlung, den 16. Mäerz am Centre Culturel André Zirwes zu Rëmeleng.

No de Lakkerungen betreffend d’Coronamesuren kënne mir eis jo och erëm treffen.
Den éischte Rendez-Vous ass dem entspriechend eis Monatsversammlung zu Peppeng. D’Plaz ass nach ëmmer di selwecht, den Datum ass Mëttwochs den 6. Abrëll ab 19:30 Auer.
Club-owender zu Eesebuer si virleefeg mol nach keng, mir mussen de Shack nach e bëssen reamenagéieren. Duerch d’Corona-geschicht war dat no dem leschten Waasserantrëtt an d’Hannertreffe geroden.

De QSL-Büro gëtt am Moment vun zwou Persounen geleet; de Mich, LX1KQ, bekëmmert sech ëm den Outgoing an d’Mendaly, LX2VY, geréiert den Incoming an d’Verdeelung.
Rappel:
Beim Ofginn vun de QSL-Kaarten gëtt et Verschiddenes ze beuechten. Mir erënneren nach emol drun fir är QSL Kaarten dem Prefix no ze sortéieren.
Eng Tri-Lëscht ass beim RL QSL Büro ze kréien
Maacht e Lastik ëm de Pack QSL Karten , dat vereinfacht d’verschécken enorm.
Ab dem 01.01.22 ginn d’QSL Kaarten net méi all Semester, mee all Mount verschéckt. Mir erhoffen eis domat méi e besseren “go around” an e besseren Service fir eis RL Memberen.
Et gëtt och keng Limitt um Gewicht, wou all RL Member pro Joer verschécke kann.
All d’QSL Kaarten vun den RL Member déi agesammelt goufen bis d’AG 2022, si mëttlerweil verschéckt ginn. Vum 1. Januar 22 bis den 15. Mäerz 22 waren dat ganzer 42 Kilo.

De Comité ass am einfachsten iwwert d’E-Mail ze erreechen. Wann dir Froen, Wënsch oder Propositiounen hutt, schéckt eis se iwwert dee Wee eran, do ginn se dann och an der nächster Kommiteessëtzung behandelt an duerno beäntwert.

Iwwerleet iech och mol ob dir net wëllt an engem Aarbechtsgrupp mathëllefen, dat ass oft ganz interessant a lehrräich, esou ka jiddereen och produktiv den RL ënnerstëtzen.
Et stinn andauernd Chantier’en op de Site mat de Relais’en an de Linkstrecken um Programm, et sinn ëmmer di selwecht Leit wou do um Terrain am Asaz sinn an suergen dass alles dréit. Leider kréien di wéinegst eppes mat vun där formidabeler Aarbecht, wou do geleescht gëtt. Och si géingen sech mol op di eng oder aner Ënnerstëtzung freeën.

Nodeems Russland an Wäissrussland net méi Member am CEPT sinn, dierfen mir net méi ënnert der CEPT Regelung bei hinnen funken, a si och net méi bei eis.
Baséierend op eng Demande vun enger Rei vu CEPT-Memberen, huet d'CEPT-Presidence eng schrëftlech Prozedur, am Aklang mat dem CEPT Arrangement duerchgefouert fir op onbestëmmten Zäit a mat direkten Effet d'Memberschaft vun der russescher Federatioun a där vun Wäissrussland an der CEPT ze annuléieren. Véierandrësseg Äntwerte goufen op de Bréif vun der CEPT-Assemblée zeréck geschéckt fir d'Propositioun ze ënnerstëtzen. Et gouf eng Enthalung. D'Suspension vun de genannte CEPT-Memberen soll ab dem 18. Mäerz 2022 00:00 (CET) a Kraaft trieden. Des Weideren huet d'CEPT-Présidence de Büro opgefuerdert all néideg Moossnamen ze huelen fir déi uewe genannten Entscheedungen duerch ze setzen.

De siwente Mee huet d’UBA, d’Union royale belge des Amateurs-Emetteurs, och hiren alljärlechen Kongress zu Bréissel. Mir wënschen hinne vun hei aus vill Erfolleg an eng gutt Aarbecht.
An da leeft bei hinnen jo och nach dat hei: Di 43 DIRAGE ass Ouschterméindeg, den 18. Abrëll zu Diest an de Belge. Et geet vun 9:00 bis 14:00 Auer. Detailer op www.dirage.be .

World amateur radio Day 2022:
Den DARC, d'Team SES vun der däitscher IARU Member Society aktivéiert d’speziellt Ruffzeechen DA22WARD vum 1. Mäerz bis den 30. Abrëll, dëst fir de Weltamateurradio-dag vum 18. Abrëll ze feieren.
QSL leeft iwwert de Bureau, oder direkt op DL2VFR.
D’REF, déi franséisch IARU-Member-Society huet ugekënnegt datt d'Special Event-Statioun TM97WARD vum 16. bis de 25. Abrëll och “on the Air” ass fir den World Amateur Radio Day (WARD) ze feieren.

Militäresch Notzung vum 6m Band
Déi belsch Telekommunikatiounsautoritéit BIPT deelt mat, datt vum 30. Mee bis den 18. Juni eng Militär Übung zu Elsenborn an der Gemeng Bütgenbach, bei der däitsch-belscher Grenz, stattfënnt, bei där zwou Frequenzen aus dem 6m Band benotzt ginn: 50.200MHz an 51.075MHz .
Den Amateurradiodéngscht huet de Secondaire Status an dësem Band an d'Militärdéngschter hunn de primäre Status. D’Radioamateure ginn dréngend opgefuerdert, an dëser Zäit besonnesch opmierksam ze sinn a wa méiglech dës Frequenzen ze vermeiden, oder op alle Fall am Viraus virsiichteg nozelauschteren, ob d'Frequenz benotzt gëtt.

Ham-Radio
Hei e Message vum Thomas DF2OO
“Léif Alleguerten,
Mat der rezenter Entspanung vum Covid-19 Reglement freeën sech souwuel d'Friedrichshafener Ausstellungsorganisatioun wéi och den DARC, als Event Patréiner, elo positiv op d'Ofhale vun der 45. HAM RADIO vum 24. bis de 26. Juni zu Friedrichshafen. Si ënnerleien awer nach der endgülteger offizieller Geneemegung vun de lokalen Autoritéiten.
Entspriechend hygieenesch an distanzéierend Moossname garantéieren d'Sécherheet vun alle Visiteuren. Dëst wäert selbstverständlech Implikatioune fir den Design vun de Stänn, der Ouvertureszeremonie, de Presentatiounsraim an dem Floumaart hunn. D’HAM RADIO 2022 wäert also en anere Charakter hunn wéi déi Jore virdrun. Trotzdeem freeën mir eis, eis Frënn aus der ganzer Welt erëm ze begréissen an hunn dat och am Event-Slogan reflektéiert. Ausserdeem plangt den DARC säin 71. Bodensee-Meeting mat interessante Presentatiounen an Atelieren wärend all den dräi Ausstellungsdeeg.
Déi offiziell Ouvertureszeremonie vun der Ausstellung fënnt Freides de 24. Juni um 10:00 statt. Wéinst den néidegen Ofstandsmoossname kann d'Gesamtzuel vun de Participant’en limitéiert ginn.
Déi informell International Versammlung fir Vertrieder vun den IARU-Membersgesellschaften gëtt e Freideg, de 24. Juni um 16:00 ofgehalen.
Mir freeën eis Iech zu Friedrichshafen ze gesinn!
73, Thomas (DF2OO)”

Den CWJF GROUP informéiert datt si op hirer Säit d'Resultat vum CQMM DX CONTEST / 2021 zur Verfügung gestallt hunn. Websäit (CWJF GROUP): www.cwjf.com.br Fir dat zweet Joer hannereneen hu si d'Grenz vu méi wéi 2.000 LOG'en iwwerschratt.
De kontinuéierleche Wuesstum vun der Unzuel vun de Participanten hält un, si haten di beandrockend Zuel vun 12 Weltrekorder an 37 Kontinental-rekorder iwwerschratt.
De Concours-Organisatiounscomité freet sech op är wäertvoll Participatioun dëst Joer.
Et wäert eng Freed fir si all, a sécherlech och fir d'Participanten ginn, fir aktiv um CQMM DX CONTEST 2022 matzemaachen.

Leider hu mir och en Silent Key ze verzeechnen, den Emile Wies, LX1WE, vun Elleng huet eis verlooss.
Senger Famill eist opriichtegt Bäileed.