Dëst Joer hate sech 14 Kandidaten fir de Funkamateur-Examen deen den 23. Januar beim ILR ofgehal ginn ass ugemellt, wouvun der 12 sech presentéiert hunn. Dëst waren der 7 fir d'HAREC-Lizenz an 5 fir d'NOVICE-Lizenz.
Demnächst wäerten 6 nei HAREC Amateuren op de Bänner ze héiere sinn, an 3 Novicen. 2 Novicen an 1 HAREC krute leider een Noexamen.
Mëttlerweil krute mer e puer Ruffzeeche matgedeelt déi wäerten assignéiert ginn, d’Lizenze sinn de Moment wou desen Artikel geschriwwe ginn ass awer nach net ausgestallt:
- Valérie LX1SV
- Tom LX1TP
- Antonio LX1VS
Dat neit Reglement F16/02/ILR vum 18. Mäerz 2016 vum ILR iwwer d’Prefixen ass och dëst Joer fir déi nei Ruffzeechen applizéiert ginn.
Mir wënsche si all wëllkomm am neien Hobby.